Wien ass de Moler M. Huberty - 1939?

More
1 week 5 days ago #1080 by clauhe
Replied by clauhe on topic Wien ass de Moler M. Huberty - 1939?
Zu Péiteng gouw et eng Famill  Mathias Huberty-Reckinger. Gewunnt hu si zu Péiteng 6, rue J.B. Gillardin.
De Mathias Huberty ass zu Réiden den 14.6.1903 op d'Welt komm. Seng Elteren waren den Johann Huberty (Beruf Schräiner) an Pauline Hendel.
Gestuewen ass de Mathias den 14.2.1973 zu Péiteng.
Villächt hëlleft dat e besien weider.
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 week 5 days ago #1079 by jmo
Replied by jmo on topic Wien ass de Moler M. Huberty - 1939?
Villmools Merci fir déi Infos, déi relancéieren dës Fro! Dat do di menger Info 2 verschidde Moler:
  • de Jean-Pierre Huberty ( Studium zu Antwerpen (1888 - ~1892), Madrid ), aus der Millebaach, deen zimmlech bekannt war a well 1897 am Alter vun 26 Joer gestuerwen ass. Den 1. Artikel vun 1937 iwwert d‘Retrospektive misst vu Dësem sinn.
  • de Metty Huberty, (Member vun der Nationalunioun?), vun dem héchstwahrscheinlech dës 2 Biller, déi an engem Haus zu Péiteng hungen, sinn. Laut dem Artikel vun 1946 ass hien jo och zu Péiteng am Sall Schilling  aktiv. Hien kinnt also aus der Péitenger Géigend sinn. All weider Infos iwwert dee Metty Huberty (Mathias Huberty) si wëllkomm!
 

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 week 6 days ago - 1 week 6 days ago #1078 by Robert
Replied by Robert on topic Wien ass de Moler M. Huberty - 1939?
Hei ass eng Info vum 6.1937:
Luxemburger Kunstverein. Der Luxemburger Kunstverein wird heute Samstag nachmittag 4 Uhr, seinen diesjährigen Salon eröffnen. Großherzogin Charlotte und Prinz Felix werden die Feier mit ihrer hohen Gegenwart beehren. Die Ausstellung selbst ist dieses Jahr reichhaltig beschickt; derselben ist eine Retrospektive des Malers Huberty angegliedert, die sicher viele Kunstkenner anziehen wird. Wir werden noch näher auf die Beurteilung der ausgestellten Werke eingehen. (Escher Tageblatt: 8.5.1937)


an eng vum 11.1946 déi vläicht weiderhëlleft:
 




 
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 month 2 days ago - 1 month 1 day ago #1067 by jmo
Wien ass de Moler M. Huberty den 1939 dëst Bild vu Réiden/Attert  gemolt huet?



Hei ass och nach ee Bild  vum M. Huberty vu Veianen (Vianden):


Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!

E schéinen Owend,

Jean-Marie - info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu

Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu-Login