Wou war dëst 1911? zu Miersch?

More
5 days 13 hours ago #1103 by clauhe
Replied by clauhe on topic Wou war dëst 1911? zu Miersch?
Hunn hei een Haus zu Miersch 76 rue Nicolas Welter fonnt. Et kann muss awer net  stemmen ! Wees een wéi dat Haus hei op desser Adress fréier ausgesinn huet ?
 
www.google.com/maps/@49.7432984,6.096784...IKXMDSoASAFQAw%3D%3D

MG

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 week 1 day ago #1101 by Mich90
Replied by Mich90 on topic Wou war dëst 1911? zu Miersch?
Kann dat net zu Pëtten sinn?

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
3 weeks 18 hours ago #1093 by Jerry
Replied by Jerry on topic Wou war dëst 1911? zu Miersch?
Villmools Merci fir dës info!

Et schingt effectif ee "Göpel" op der Kopp ze sinn:


Da bleiwt jo elo just nach ze klären wou, wahrscheinlëch zu Miersch oder Ëmgéigend,  déi Foto do gemaach gouf ...

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
3 weeks 23 hours ago - 3 weeks 22 hours ago #1092 by Schaal Tom
Replied by Schaal Tom on topic Wou war dëst 1911? zu Miersch?
D'Bild weist vilaicht d'mechanesch Ënnerstruktur vun engem Göpel (auch „Pferdegöppel“ genannt). Ech weess net, wéi et op Lëtzebuergesch heescht(och eng Intressant Fro).

E Göppel war e Gerät, dat d'Muskelkraaft vun Déieren (meeschtens Päerd, Oksen oder Eselen) an eng rotéierend Beweegung ëmgewandelt huet, fir stationär Maschinnen unzedreiwen.
Ech mengen, d'Gerät gouf virun d' Haus gestallt fir et ze reparéieren oder ze ersetzen. Et schéngt net déi fest Plaz dofir ze sinn.


de.wikipedia.org/wiki/G%C3%B6pel

www.br-klassik.de/video/zwischen-spessar...5-juni-2021-100.html

seetalerbrattig.ch/der-goepel-wer-kennt-ihn-noch/

www.wilhelm-ostwald-park.de/der-goepel
The following user(s) said Thank You: admin

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 month 3 days ago #1088 by admin
Replied by admin on topic Wou war dëst 1911? zu Miersch?
Kinnt dëst Haus eventuell déi fréier Schmëtt Schiltz ~ 1911, haut 46 rue Grande-Duchesse Charlotte, zu Miersch sinn? dëst well den Numm Schiltz hannen op der Kart virkënnt...

Wéi ee Maschinnendeel läit virum Haus?

Dëst kinnt jo och ev. weiderhëllefen?

Ginn et al Fotoen vun dem Deel vu Miersch?


Villmools Merci am Viraus fir all Feedback!

Schéi Feierdeeg!

info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 years 11 months ago - 2 years 1 month ago #720 by jmo
Wou war dëst 1911? zu Miersch? was created by jmo

Mersch ? (Collection: industrie.lu) 

Fotokart, gestempelt 1911 zu Miersch, vum Jean Schiltz un d'Mlle Caroline Schiltz.


Wou war dëst genee?




Villmools Merci am Viraus fir all Hellëf! info@industie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login