Molkerei vu Befort

Mehr
10 Jahre 4 Monate her - 10 Jahre 4 Monate her #61 von admin
admin antwortete auf Molkerei vu Befort
Folgend Informatiounen kruche mer vun der Beeforter Gemeng:

Laut Monsieur CIGRANG (eelste Bierger vun Beefort) ass Molkerei em 1888 entstan. Molkerei gouf vum Här Nicolas INDORFF gegrënnt. Laut Internet hat den Här INDORFF ee Meedchen wat Barbe INDORFF geheescht huet. Saïn Meedchen Barbe wor mam Här Pierre HALSDORF bestuet, deen an der Molkerei geschafft huet.


Am Krich louch Molkerei stell. Et ass näischt dran geschafft ginn. Nom Krich gouf rëm Aktivitéit opgeholl. Mëllech ass dunn awer just nach entgéing geholl ginn an weider un Zentral Molkerei geliwwert ginn.


An der fréierer Molkerei ass lo een Ausstellungsraum vun der Schräinerei Knaf-Buchler. Adress vum Gebai ass 1 rue de l’école L-6315 Beefort

De fréieren Hotel Kessler ass an Privatbesëtz an gëtt als Privathaus genotzt.
Letzte Änderung: 10 Jahre 4 Monate her von admin.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
10 Jahre 6 Monate her - 10 Jahre 6 Monate her #51 von jmo
Molkerei vu Befort wurde erstellt von jmo
Mir sichen Informatiounen iwert d'Molkerei vu Befort:


Laiterie Coopérative de Beaufort - Molkerei Genossenschaft Befort
Hotel Kessler - Bleser (<=1915: successeur Servais Schumacher-Kessler)
(Photo: Probablement vers 1905-1908; Dr. Camille Aschman senior, professeur à l'École agricole à Ettelbrück et préposé de la Station agricole de cet institut; Collection famille Aschman-Bodson)

Wéini ass d'Molkerei vu Befort gegrënnt gin?
Bis wéini huet se funktionnéiert?
Wien huet do geschafft?
Wat ass duerno mat deem Gebai geschitt?
Gët ët dat Gebai nach?

Méi Fotoen an Infos ënnert: www.industrie.lu/MolkereiBefort.html
Wéini goufen déi Fotoen gemach?


Villmols merci am Viraus fir all Informatiounen!

Jean-Marie Ottelé

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Letzte Änderung: 10 Jahre 6 Monate her von jmo.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.073 Sekunden
Zum Seitenanfang