Wou waar dëse Café?

Mehr
3 Jahre 2 Monate her #563 von Hilbert
Hilbert antwortete auf Wou waar dëse Café?
Ech haat och am Kapp wéi wann déi Majeressen doomools schon vill Caféen haaten an dass et der ëmmer méi gi sinn. Et kinnt natiirlech och sinn das den Numm M. Majeres an der Fënster den Numm vum Propriétaire vum Café waar, den Exploitant aawer eng ganz aaner Persoun waar !? Soumadder kinn dée Café quasi iwerall gestaanen hunn, allerdings aawer wuel an enger doomools schon grousser Uertschaft an forcément an der Géigend vun enger Gare.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 2 Monate her #562 von Benabau
Benabau antwortete auf Wou waar dëse Café?
Den Café zu Ettelbréck (Foto Biker Treff) wär den Hotel oder Café International, zu Ettelbréck den Inter genannt ! Den Hotel Cames wär riets niewendrun. ! Seit ech mech erënneren kann gouff ett NIE éen Cafe de la Gare zU Ettelbréck.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 2 Monate her #561 von Benabau
Benabau antwortete auf Wou waar dëse Café?
Café Majeres zu Ettelbréck wär an der Bastnacherstross !! Ett gouf nach e Café Majerus an der Kennedy datt ass Haut den Caféé du Patton ! Wann éen Majeres kuckt, ab den 30er Joren hatten se eng 25 Caféen...haut hun se der iwwer 200 !!
Folgende Benutzer bedankten sich: Hilbert

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 2 Monate her #560 von Hilbert
Hilbert antwortete auf Wou waar dëse Café?
Gudden Owend.
Villmools merci fiir déi ganz ausféierlech Informatiounen. Vu que dass de Café "Café de la Gare" héescht, ginn ech dovunner aus dass dann och doomools eng Gare an der Géigend waar. Soumadder géif ech d'Route de Bastogne ausschléissen.
Ech sinn net kënnech zu Ettelbrëck, mée falls den Café doomools an der heiteger rue JF Kennedy soll gewiecht sinn, da wiir en joo effektiv net allzeweit vun der Gare ëwech gewiecht. Ech huelen och un dass et sech déi Zeit em 2 Heiser gehandelt huet, wou dann iergendwann éen Duerbroch gemeet ginn ass. Wann ech déi ganz Gesellschaft virun der Dier kucken da geseit mer daat effektiv no engem méi groussen Café mat Restauratioun aus.
Ech kucke mer muar emol nach déi aaner Localitéiten un. Nach eng Kéier en décke Merci fiir all Déi Informatiounen!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 2 Monate her #559 von clauhe
clauhe antwortete auf Wou waar dëse Café?
Gudden Owend
Café Majeres fanne mär zu: Colmar-Berg Tel 25 (OMZ6.12.1937,p8), Lux-Cents (LW 24.6.1939,p12), Ulflingen (Troivierges) (OMZ10.2.1914,p3)
E Café Math.Majeres hun ech bis elo just zu Ettelbrëck fond.
Hei just e puer Infoen betreffend Café Majeres zu Ettelbrëck.
- 1929 fanne mär ee Café Math. Majeres (LW 9.12.1929,P6), et ka sinn dass dese Café an der Adolfstraße war, dat mist haut rue J.F.Kennedy sinn.
- 1936, (Tageblatt 31.7.1939,p3) . Ettelbrück, 31 Juli. Versteigerung...Ein 2stöck. in der Bastnacherstraße gelegenes Wohn- u. Geschäftshaus, groß 66 Ca. an Hrn. Math. Majeres-Schmit, Gastwirt von hier, zum Preis von 80750 Fr...
( Gastwirt von hier = also hat de Math. Majeres virdrun schon ee Café zu Ettelbrëck.
- 1946 (LW 27.8.1946,p5) Am Donnerstag, den 29. August 1946,...läßt Mathias Majeres-Schmitt, Geschäftsinhaber in Luxemburg, für erblich versteigern: ..3 stöckiges Hotel mit Wirtschaft Bastnacherstraße...und ein 2 stöckiges Geschäftslokal Bastnacherstraße..
- 29.6.1948 den 29. Juni 1948 verstieft den Mathias Majeres an der Clinique Civile de Strasbourg a gett zu Ettelbrëck begruewen. ( LW 30.6.1948)
Méi hun ech bis elo nach net eraus fond.
Wann ech är Foto kuken, da mengt een déi Fenster ganz riets ging zum Café gehéieren. Et sinn hei déi selwescht Ridoen wéi am Café, an d'Stroos geet och liicht no lenks biergoof.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 2 Monate her - 3 Jahre 2 Monate her #558 von Hilbert
Hilbert antwortete auf Wou waar dëse Café?
Ok, soumadder wier dann Ettelbrëck quasi auszeschléissen. Merci fiir d’Info
Letzte Änderung: 3 Jahre 2 Monate her von Hilbert.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 2 Monate her - 3 Jahre 2 Monate her #557 von admin
admin antwortete auf Wou waar dëse Café?
Hei ass eng Info vum Nico Beckerich:

"Esou wäit ech wees gouf et zu Ettelbréck nie en „Café de la Gare“, den Biker Treff deen op denger Foto ass, ass den alen „Hôtel de la Gare“, de Propriétaire war säit den drësseger Joer de Jean Cames bis an d’siwenzeger Joer! Ech hunn en nach perséinlech kannt.
De Café Majerus (nit Majeres) war an der Bastnecher Strooss, wees awer nit wéini, deen hunn ech ni kannt!"

Villmools Merci!


D'Sich geet also nach weider!
Letzte Änderung: 3 Jahre 2 Monate her von admin.
Folgende Benutzer bedankten sich: Hilbert

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 2 Monate her #555 von Hilbert
Hilbert antwortete auf Wou waar dëse Café?
Daat ass effektiv net aus ze schléissen. Ech sichen emol an déi Directioun weider. Merci!!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 2 Monate her #554 von admin
admin antwortete auf Wou waar dëse Café?
Hei eng Info vum Här Goergen:

Moien,
Ech giff soen zu Ettelbreck, 43 rue de la Gare. E schmuelt Haus mat Haasteng lenks a riets op der Fassade.

Vue op Google street view:

Jos

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 2 Monate her #550 von Hilbert
Hilbert antwortete auf Wou waar dëse Café?
Merci fiir den Tip Robert ann och e schéint neit Joer.
Ech tippen och op eng gréisserUertschaft, eventuell Esch oder Lëtzebuerg. D'Foto schéngt mer aus den 30er Joeren ze sinn (?)

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 2 Monate her #548 von Robert
Robert antwortete auf Wou waar dëse Café?
Ech giff mengen dee Café wier an enger gréisserer Stad, well nët an all Uertschaft gouf ët Trottoiren zu där Zait.

Zu Ettelbréck gouf ët mol ee Mathias Majeres deen ee Café hat, mais ech mengen dee war an der Baschtnecher Strooss.

Weider vill Spaass beim Sichen a Bonne Année!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 2 Monate her - 3 Jahre 2 Monate her #547 von Hilbert
Wou waar dëse Café? wurde erstellt von Hilbert
Gudde Mötteg, wées villeicht éen wou desen Café de la gare M. Majeres deemools waar?



Merci am Viraus!
Letzte Änderung: 3 Jahre 2 Monate her von admin. Grund: Kann kein Bild einfügen

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.140 Sekunden
Zum Seitenanfang