Monopol 1939 - wou ass dëst? Geléist!

Mehr
3 Jahre 9 Monate her - 3 Jahre 9 Monate her #519 von admin
Hei ass d'Äntwert vum Albert Wolter:

Ma dat ass zu Déifferdeng 46 avenue de la Liberté, haut Star Supermarché.
Dat war vis-à-vis der Post um Eck mat der Michel Rodange Stroos, wu ech eng 13 Joer gewunnt hun.

Mëtt 1960er ass dun de Monopol a Richtung Gare geplënnert an huet sech vergréissert.
Dat war an der fréierer Garage vum Jean Think (dé mat den Dampwalzen).
Wi d’Monopol’en én nom aneren zougemach hun huet d’Gemeng do eng Partie Joren Servicer ënnerbruecht.
Elo stin déi Lokaler eidel.
Dat Gebéi um 46 ass awer vill mi aal wi de Monopol 1939.
Do war emol e Kino dran, dén éischten vun Déifferdeng. Ech mengen Breden huet de Propriétär gehéscht.
Op der Seit Michel Rodange geséit én nach Fensteren di drop hindeiten dat do emol eppes gréisseres woar.


Villmools Merci!
Letzte Änderung: 3 Jahre 9 Monate her von admin.
Folgende Benutzer bedankten sich: UP3985

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 9 Monate her #518 von jmo


Monopol 1939 - wou ass dëst?

Villmools Merci am Viraus fir all Tuyau! - Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.077 Sekunden
Zum Seitenanfang