Gîte ARBED's - Büro Tetingen ???

Mehr
1 Jahr 7 Monate her #677 von clauhe
Gîte ARBED's - Büro Tetingen ??? wurde erstellt von clauhe
Zu Téiteng an der rue de l'industrie ass viru Kuerzem eng Gîte um Minettstrail ageweit ginn.
Den ARBED's Büro gett dësse genannt.
Esou wäit ech weess wor dat de Büro vun der Firma Neu-Stauder vun Esch/Uelzecht. Dees Firma ass nom Dout vum Charles Neu 11.10.1956 (LW 13.10.1956) am Joer 1957 faillite gaangen.
Huet ARBED dat duerno alles iwwerholl an hat si hei an dësem Gebai e Büro dran ? Firwat heescht dëst Gebai dann elo ARBED's Büro ?
Zu Rëmeleng gëtt et och esou eng Gîte, "Maison Gonner". Dat misst jo och zu Schluss der ARBED gehéiert hunn oder ?
Firwat heescht Maison Gonner dann net och Maison ARBED ? Oder leien ech hei ganz falsch ?
Merci vir all Info.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.066 Sekunden
Zum Seitenanfang