Grouw Kalikfeld / Kaliksfeld / Kalekfeld, Téiteng

Mehr
3 Jahre 9 Monate her #516 von clauhe
Gudde Moien Här Eyrich
Ech, deen déi aktive Zäit vum Minettofbau nach kuerz materliewt hun ka mech zum gréisten Deel nemmen op Fakten baséieren. Esou ass dat wat ech hei am Forum geschriwen hun och als Complément zu deem wat mär hei im Site iwer des Grouw fannen ze verstoen. Do dernierwt ginn et awer och nach Zäitzeien. Et si grad sie déi kennen derzou bäidroen dese Puzzle dee mär eis Vergaangenheet nemmen ze vergréisseren an ze verfollstänegen. Wann ech a mengem Beitrag schreiwen dass ech näischt iwer de Berens bereffend Mine Kalikfeld fond hun, da wellt dat net heeschen dass et doriwer nächt get. Wann dir elo Dokumenter heieriwer hut,da wär och ech ganz staakt interesséiert een Ableck an dess ze kréien. Dat ging mär erlaben mäi Puzzle iwer de Berens ze vervollstänegen.
Merci

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 9 Monate her #515 von Eyrich Pascal
clauhe , ech schreiwen ett nett esou wann ech daat nett genau wessen geng ! Wees ween do Chef war an wei eng Mineuren do geschaft hun ! De Berens huet do vir Hadir Reschtpeiler gezun ! Ett ass just ze laang vir hei alles zeschreiwen stin gaeren bereit vir daat emol alles ze erziehlen !

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 9 Monate her #514 von clauhe
Iwer Grouw Kalikfeld zuTéiteng fend een net vill an der Literatur an an der geschriwener Press. Zu denen Informatiounen déi dir schon op ärer Säit iwer des Grouw hut, hun ech hei awer nach eppes fond. Am Luxembourger Wort vum 17.6.1938 liese mär enner Tetingen vun enger Stee folgendes " Ein Ackerstück Vor Mertesbour 39,30 Ar für 4200 Fr, ein anderes Quaeschenberg 34,30 Ar für 5000 Fr und ein drittes Kalkfeld 18,50 Ar für 2750 Fr Hrn Leon Berens ...Wéi ech virun 2 Joer Recherchen iwer de Berens gemach hun, hun ech awer näicht fond dass de Berens hei Op Kalikfeld eppes soll ofgebaut hun. Mär fannen och nach aner Nimm vu Gesellschaften déi hei ofgebaut hun. Esou de Perlot deem seng Grouw hei vun Boever-Mettelock iwwerholl ginn ass. Am Joer 1895 soll d'Firma Thomas Byrne et Cie ( Thomas Byrne + 9.9.1884) ennert der Leedung vun senger Fra der Madame Geneviève Baustert zwou Galerien eng an déi giel an eng an déi gro Couche gedriwen hun. Et ass awer hei unzehuelen dass all des Firma'en hei an dem net concessiounspflichtegen Deel ofgebaut hun. Donierft get et nach de concessiounspfligegen Deel. Dat ass Concession No 413 Kalickfeld vun 18ha 70a 23 ca. Dess ass duerch Conventioun vum 19.12.1893 an 5.5.1898 an Gesetz vum 6.6.1898 un Société des Hauts Fourneaux de Rumelange gaangen. Elo wesse mär jo dass méi spéit HADIR HF de Rumelange iwwerholl huet. Esou ass d'Hadir zu deser Concession komm. Duerno ass et ARBED - ARCELOR an ARCELOR-Mittal ginn. Vu weem elo genau déi op deser Foto ofgebilten Galerie ass dat entzit sech menger Kenntnis et ass awer unzehuelen dass et HF de Rumelange war.
mbG C.H.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 9 Monate her #513 von Eyrich Pascal
Jean-Marie , daat ass eng Galerie dei huet den Berens ausgebeut ! Daat ass am Didelstergrond ! Hun och nach e pur Biller dovun !

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
10 Jahre 4 Monate her - 10 Jahre 4 Monate her #64 von jmo
Ech sichen Informatiounen a Fotoën iwert d'Grouw "Kalikfeld" / "Kaliksfeld" / "Kalekfeld" / "Kalickfeld" / "Kalkfeld", am Didelstergrond - Didelstergrund, Tétange:


Leider fënnt een an de Bicher nët vill Informatiounen iwert dës HADIR Grouw déi een imposant Gebai hat:




Dës HADIR- Grouw ass mat elektrësche Loken exploitéiert gin obschons se nët mat denen anneren HADIR Grouwen vu Rëmeleng verbonnen war.
Laut enger Lëscht gouf ënner annerem d'Lok N°20 do agesat:



Villmols merci am Viraus fir all weider Info, och iwert all anner Grouwen!

Jean-Marie Ottelé

Tél: 621 247 909
E-Mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Letzte Änderung: 10 Jahre 4 Monate her von jmo.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.096 Sekunden
Zum Seitenanfang