Firwat woren di meeschten Maschinen greng?

Mehr
11 Monate 3 Tage her #742 von BB3608
3600 war gro/weiss am Liwwerzoustand, 1600er gro, 1800er gring (méi donkel wéi den reseda-grün), 850er hell an donkelgring, 800er am amerikaneschen "men's closet green", waat mir schëngt eng Faarw ze sin déi an den USA fir Führerstänn vun Lokomotiven oder Kabinen vun aaneren Gefierer gehol gouf (deen Chevrolet gepanzerten Police-Arméiwôn mat der Tourelle aus dem Policemuséé huet déi Faarw och bannen).
D'CFL hun am Laaf vun der Zeit den Ustrach vun den Kabinen mam reseda-grün unifiéiert, wann och nët systematesch
Folgende Benutzer bedankten sich: Minettsdapp

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
11 Monate 3 Tage her #741 von Minettsdapp
Minettsdapp antwortete auf Firwat woren di meeschten Maschinen greng?
Huet d'CFL déi Führerstänn am nachhinein Reseda-gring ugestrach, oder waren déi ab Fabrik esou?

Wann ech richteg gesinn, sinn déi Loken jo an der Belsch (ënnert US-Lizenz) oder Frankraich gebaut ginn: wéi huet déi gring Farw an der Belsch, an Frankraich oder USA geheescht?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
11 Monate 4 Tage her - 11 Monate 4 Tage her #740 von BB3608
Demno ass daat dann och eng valabel Erklärung firwaat d'Führerstänn vun den "aalen" CFL's Lokomotiven ( 1800 , 3600 , 800 , etc) och am Reseda-Grün ugestrach waaren. Deels waren d'Führerstänn awer och beige gepinselt.
Letzte Änderung: 11 Monate 4 Tage her von admin.
Folgende Benutzer bedankten sich: machine_green

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
11 Monate 4 Tage her #739 von admin
Hei Infos vun der Farwfabrik Robin vun Useldeng:

"RAL 6011 ist Resedagrün, die Standardfarbe bei Werkzeugmaschinen.
Dieses Grün nimmt man gerne, weil es 'beruhigend' auf die Augen wirkt, d.h. man kann lange daran arbeiten, ohne das die Farbe negativ wirkt."

www.werkzeug-news.de/threads/wmw-maschin...-farbcode-ral.19712/




Folgende Benutzer bedankten sich: machine_green

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
1 Jahr 1 Monat her #730 von BB3608
Gudden Owend,

fir mëch ass d'Uursaach firwaat vill Maschinen oder technesch Geräter gring ugestrach sin, den Fait datt déi gring Faarw berouegend op den Utilisateur soll wierken. Duerch déi berouegend Wierkung sollen Akzidenter vum Utilisateur vun denen Maschinen verrëngert oder verhënnert gin.
Wéi gesoot ass daat doten eng perséinlech Deitung dovuner....
Folgende Benutzer bedankten sich: machine_green

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
1 Jahr 1 Monat her #727 von machine_green
Firwat woren di meeschten Maschinen greng? wurde erstellt von machine_green
Ech sichen Hannergrondinformatiounen zum Thema "Maschinengrün"
Ganz vill Maschinen an och industriell gefärdegt Objeten sinn an enger grenger Faarw ungestrach.
Et gouf (seit 1959) eng Grün DIN1844 di eng Zort Maschinengrün festleet (équivalent zu RAL 6011 Resedagrün)...

Mais di Norm get keen Grond un firwat? Do steet just :
Die Farbe Grün DIN 1844 ist auf Grund gemeinsamer Ermittlungen der Fachnormenausschüsse Werkzeugmaschinen, Maschinenbau und Farbe festgelegt worden.

Ween wees do genuch driwer fir eng Erklärung ze fannen?

Hued et eppes mat "Psychologie" ze dinn? Manner Akzidenter - mais dann misst een jo évtl. eng Studie fannen di d'Benotzen vun Greng recommandéiert.
Hued et eppes mat Raschtschutz ze dinn? Get et eng chemesch-industriell Erklärung (Genre eng bëlleg an effikass Kompositioun, di dann eben Greng wor oder liicht an eng Greng konnt verwandelt ginn?)
Oder oder
Villmols Merci fir all weider Informatioun / Piste

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.098 Sekunden
Zum Seitenanfang