Hei ass d'Äntwert déi mer haut vum Här Hermes kruten:
De Bremsberg deen dir op der Photo sicht ass keen. Et si just d'Gleiser vum Tunnel vun 60 Meter deen an der
Mine Lanneberg
erauskennt, zu Rëmeleng rue St. Joseph beim 2 leschten Haus lenks. Dat Haus dat een do vun hannen gesäit as d'Haus No 27 an der rue St. Joseph ( A Wuerdert / Wuodert). Dat ass dat 2 lescht Haus lenks wann en aus dem Zentrum wu Rëmeleng kennt . Dat klengt Haus uewen am Besch ass d'Tennisclubhaus. D'Schinen déi een um Bild gesäit ginn an den Tunnel eran déi ennen am Bild hannert dem Fotograf ass. Hie stung esouzesoen um Tunnel.