kéint dir mir eng Foto oder Fotoen dovunner op This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. schécken fir dass ech mir en Bild dovun kann man? Ech wier op alle Fall interesséiert!
Ech wousst näischt vun deem Schräiner, mä en ass a menger Datebank vun lëtzebuerger Erfinder, déi och op desem Site ze fannen ass.
Wann der d'Patenter an d'Hand kritt da sinn ech schonn un enger JPG Kopie interesséiert.
Pierre WEYLAND
Gudden Owend, villmols Merci fir des waertvoll Informatioun ech ginn mir di Patenter dann emol demnächst ukucken. Hudd dir hien oder séng Schrainerei kannt?
De Victor Hansen war e kreative Schräiner an Erfinder; hei sing seng lëtzebuergesch Patenter; (Nr, datum ...) ; déi original Dokumenter sinn an den National Archiven op Ufro ze kréien.
PierrenWEYLAND
18595 13/10/1931 HANSEN Victor Porte pliable
20316 01/02/1934 HANSEN Victor Perfectionnements aux canapés-lits
21204 23/01/1935 HANSEN Victor Fauteuil démontable et transformable en lit
21235 01/02/1935 HANSEN Victor Fauteuil transformable en chaise-longue ou lit
26169 03/04/1939 HANSEN Victor Fauteuil transformable en chaise-longue ou analogue
26831 28/12/1939 HANSEN Victor Divan-lit transformable
Moien
Op www.delcampe.net sinn de Moment 2 Rechnungen vun der Schräinerei Hansen an der Offer. Et ass näischt weltbewegendes mä kukt einfach mol do erann. Kuke kascht jo näischt.
Vill Spaass.
Ech sichen nach emmer no all méiglech Infos iwwer d'Schrainerei Victor Hansen-Hess vu Käl! Egal ob Fotoen, Erfahrungen, Leit déi do geschafft hunn oder Miwwelstécker aus daer Schrainerei (sinn och interesséiert der ofzekafen wann dest méiglech ass), fréen mech iwwer all Info!
Villmols Merci fir ären Message! hudd dir vlait nach eng Foto vun denen Miwelen / stinn der vlait haut nach iergendwou? 1985 wor ech leider nach net op der Welt, suvill ech wees huet den Jean Hansen d'Schrainerei do nach weidergefouert. Géng mech iwwer all Informatioun fréen.
All Informatiounen déi mir biselo iwwert de Betrieb Hansen vu Käl zesummengedroën hun, stinn op der Sait:
industrie.lu/HansenKayl.html
Leider hun mir weider keng Informatiounen. Et wier flott Fotoën vum Betrieb banne / baussen, vum Personal, de Produkter, etc. a weider Informatiounen ze fannen.
Villmools merci am Viraus fir all Hëllef! This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
Ech interesséiren mech, fir Recherchen, fir alles (Produit'en, Filmer, Fotoen, etc.) am Zesummenhang mat der Schrainerei Victor Hansen vun Käl déi bis Enn 80er nach aktiv wor. Fréen mech iwer all Kommentar