Aldäitsch Handschrëft entzifferen - Geléist!

More
6 months 3 weeks ago #799 by jmo
Dat do ass wierklech d'Léisung!

Ech soen jidderengem villmools Merci fir all déi séier Hëllef!


Ech froe mech ob de Pierre Linden net Gäertner um Mäerterter Simons Schlass war...

E schéinen Owend,

Jean-Marie

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
6 months 3 weeks ago - 6 months 3 weeks ago #798 by admin
Hei ass d'Äntwert vum Claude Hermes. Villmools Merci:


Gudde Moien

Dat ass net esou einfach vir esou aal Documenter ze enzifferen zemols wann se esou schéin „gekrozelt" sinn. Ech hun dat och daks.

Hei mol dat wat ech ging mengen wat hei op desser Postkaart aus dem Joer 1899 ka stoen.


Des Kaart ass adresséiert un den M. Pierre L…..


Dat kann hei de Pierre Linden gewiecht sinn. Hie war vu Beruf "Gärtner“ a war mam Catharina Greis bestuet.

Et ass deen enzegen Pierre L. de mär an der Volkszählung aus dem Joer 1900 zu Mertert fannen wou och nach de Beruf passt. Gewunnt hu sie zu Mertert, an der, oder op der „Landstraße“.


Dann zum Text deen den Felix Simons dem Här Linden geschriwwen huet.

Hei ging ech liesen:


Schicken Sie Mir sämmtlige oder sämentlige Papiere die ig Ihnen neulig geschickt die Vasen betreffend

Ennerschreft: Felix Simons



Fiche aus der Volkszählung Mertert 1900:



Acte de mariage Linden - Greis:



mbG

Claude Hermes

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
6 months 3 weeks ago #797 by hedom
Schicken Sie mir sämtliche Papiere die ich Ihnen neulich gechickt (?) die Vasen betreffend
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
6 months 3 weeks ago - 6 months 3 weeks ago #796 by jmo
Hei ass eng Postkaart vum Félix Simons , lëtzebuerger Ingenieur an Direkter vun der Plätterchersfabrik Simons & Cie, Le Cateau a Frankräich (Nord) un de Pierre..., Mertert / Lëtzebuerg déi ech net entziffert kréien:

Wéi ass de Familljennumm?

Wat steet hei?

Schicken Sie mir sämtliche Papiere die in ..... ... die Vasen betreffend

Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!

Alles Gutts - This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.087 seconds
Go to top