Wéi ee Café - Restaurant - Dancing ass dëst zu Esch/Alzette?

More
5 days 20 hours ago - 3 days 13 hours ago #890 by admin
Et kennt sech hei de leschte Proposen och ëm de PARIS-PALACE zu Esch (~1929 - 1935) an der Uelzechtstrooss N° 121 handelen. Allerdings steet da "Battin" um Kalenner net fir d'Brauerei Battin vun Esch (well déi gouf erréischt 1937 gegrënnt).  Et gouf och nach ee Paris-Palace an der Stad op der Paräiserplaz ), mais well de Fotograf Fey frères vun Esch ass, huele mer un dat d'Fotoen zu Esch gemaach goufen:

 

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
1 week 1 day ago - 1 week 1 day ago #888 by admin
Gudden Moien,
Hei ass meng Iwwerleeung zu dem Café vun Esch:


An der Fënster do stinn e puer Buschtawen déi een och mat Hëllef vun deem Spigel un der Mauer kann erkennen.

Buschtawe " PAS"  sinn hei ze erkennen a missten da jo an deem Numm dra sinn.

Mat e besëssen Fantasie kéinnt een do liesen "Café-Restaurant  - Dancing  - , an ënnendrënner kéint den Numm vum Besëtzer oder den Numm vum Café stoen.



Mee wou dat zu Esch war, weess ech net,.. leider. )-:

mbG,

Claude Hermes

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
1 week 5 days ago - 1 week 5 days ago #887 by jmo
Wéi ee Café - Restaurant - Dancing ass dëst zu Esch/Alzette?



Un der Mauer hängt ee  Battin - Kalenner...

D'Fotoen missten tëscht  1937  an  1948 sinn, well  op enger Foto gesäit een ee   Battin - Kalenner ( Battin gëtt et eréischt zënter 1937, ech weess och net ob se déi éischt Joren Kalenneren drécke gelooss hunn), et goufen déi éischt 10 Joer wahrscheinlech och net esouvill   Battin -Caféen;       an d' Fey Frères, photographes, Esch/Alzette woaren 1949 zu Mondorf. Wéini se tëscht 1944 an 1948 vun  Esch op Mondorf geplënnert sinn, hunn ech nach net erausfonnt.

Hei si weider Fotoen (Vergréisserungen): Wéi ee Café - Restaurant - Dancing ass dëst zu Esch/Alzette?


Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!

This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.094 seconds
Go to top