Brusselhof 1848 (Strooss Saeul op Wiltz)

More
1 year 1 month ago #950 by Jerry
Replied by Jerry on topic Brusselhof 1848 (Strooss Saeul op Wiltz)
Op der Karte vun 1927 ass déi Barrière och nach drop:  map.geoportail.lu/theme/main?lang=en&ver...obal&crosshair=false

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
1 year 1 month ago - 1 year 1 month ago #948 by jmo
Op der Carte vum Jean-Baptiste Liesch vun 1860 ass mol tëschend  Heischent (Heiderscheid)  an  Heischtergronn  (Heiderscheidergrund) eng "Barrière" agedroen - dat kinnt déi vum "Brusselhof" sinn...

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
1 year 1 month ago - 1 year 1 month ago #947 by Eisleker
Replied by Eisleker on topic Brusselhof 1848 (Strooss Saeul op Wiltz)
Dat ass een interessanten Tableau! Villmools merci!

Elo misst e kucken ob d'Entretienskäschten (1879) pro km ëmmer +/- d'selwecht waren, well da misst Distanz vu Kéiber op de Brusselhaff 4 x esou wäit sinn, ewéi déi vun Mëchelbuch op Biissen, wahrscheinlech Richtung Woltz ...

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
1 year 1 month ago - 1 year 1 month ago #945 by hedom
Replied by hedom on topic Brusselhof 1848 (Strooss Saeul op Wiltz)
Dat war wuel bei Kuborn (Kéiber). 
Mémorial A n° 69/1879 S.820: subside vun 200 frs fir den entretien vum Wee Kuborn-Brusselhof. 
The following user(s) said Thank You: Eisleker

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
1 year 1 month ago - 1 year 1 month ago #943 by Hazeka
Gudde Moien,
am Joer 1848 goufen déi sougenannten "Chausseegelder" (Péagen, Barrièren) am Land versteigert an opgehuewen. Déi nei Strooss vu Saeul op Wiltz, déi iwwert d' Rippweiler-Barrière, Bettborn, Grousbus bis op de Brusselhof (Wiltz ?) geet, soll och dësen Haff "Brusselhof" oder Brusselshoff" touchéiert hunn.  Elo ass et mir awer onméiglech, dësen Haff op enger Kaart oder a soss enger Literatur erëmzefannen. Bestëmmt existéiert hien nit méi, oder hien huet den Numm geännert (anere Propriétär). Wann Dir eng Informatioun, Quell oder soss eng Spur hätt, géif ech mech freeën, vun Iech ze héieren.
Mat beschte GRéiss
Georges Majerus
Uselding

 

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

News

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL) iwwerwise gëtt, mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus !  
Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wéi sichen & fannen um industrie.lu?

Den industrie.lu gët all Dag méi grouss. Duerfir ginn et verschidde Méiglechkeeten eppes um industrie.lu ze sichen an och  ze fannen:

 

D’industrie.lu-Sich-Funktioun:


 Gitt een oder méih Wieder an fir ze sichen, zB: Mersch Gierwerei
'*' an '?' kënnen als Jokerën benotzt gin, z.B. Luxem* fir glaichzaitëg Luxemburg an Luxembourg ze sichen, oder Du?ont, fir glaichzaitëg Dumont an Dupont ze sichen.



Lescht Ännerungen - Last Updates - Dernières modifications - Letzte Änderungen

Déi regelméisseg Visiteuren fannen déi lescht Ännerungen um industrie.lu chronologesch sortéiert an der Rubrik Updates. Esou kann ee matverfollegen ewéi den industrie.lu sech weider entwéckelt an op wéi enge Säiten eppes geännert huet.

Do gesäit een och déi aktuell Unzuel Säiten

Et gëtt also ee Grond fir all Dag um industrie.lu laanscht ze surfen...

 

Sich op Säit - Find in page – Recherche sur page – Suche auf Seite

Verschidde Säiten um industrie sin zimlech laang an duerfir ass net ëmmer einfach e bestëmmt Wuert erëmzefannen. D'Sich vun engem bestëmmte Wuert op enger laanger Säit hänkt awer vun der Maschinn of, wou een drop schafft:

    • Windows : d'Ctrl-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
    • Mac : d'Command-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
    • Android: uewen riets op déi 3 Punkten tippen, an duerno "Find in page" benotzen.

                   

    • iOS (Iphone/Ipad): op de Share-Käppchen (Këscht mat Feil no uewen) drécken, 

                   
                  an dann "Find on page" selektionéieren: 
                  

 

 

Da geet jeweils eng kleng Fënster op (ënnen oder uewen, jee no Browser) wou een dann ee Wuert kann antippen, an duerno et sichen:

 
Wann dat Wuert e puer mol op där Säit vir kënnt, kann ee mat de Feiler (riets) vu Wuert zu Wuert sprangen.

 

 

Regruppement no dem Industrietyp:

Déi verschiddenen Themesaiten:

 

 

Et kann ee och e puer vun dëse Funktiounen combinéieren. Wann een dann nach ëmmer eppes net sollt fannen, gët et nach ëmmer d’industrie.lu-Helpline: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. 

Ennerstëtzt industrie.lu

Um Internet-Site "www.industrie.lu" ginn op iwwert 13.700 Säiten d’Geschicht vun Industrien, Fabriken, Produkter, etc. vu Lëtzebuerg, an doriwwer eraus, virgestallt. D’Alldagskultur vu Lëtzebuerg gëtt heimat dokumentéiert. Leider ginn et vu villen Industrien keng Archiven méi, an all Informatioun muss ewéi an engem Puzzle stëckweis zesummegesicht ginn. All Informatioun ass an dësem Puzzle wichteg!

Bei dësem Projet, kënn Dir eis weiderhëllefen mat aalen Dokumenter, Bréiwer, Prospekter, Rechnungen, Aktien, Produkter an hir Verpackung, Reklammen, Fotoen, Bicher, a soss Informatiounen vun lëtzebuerger Industrien a Fabriken. Jidder zousätzlech Informatioun a jiddwer Foto ass wëllkomm. D’Original kritt Dir natierlech zréck!

Mir hunn zënter iwwert 20 Joer ganz vill Zäit a Suen an dësen Projet investéiert.

Wann eise Projet Iech gefällt, kënn Dir den industrie.lu - Projet awer och mat liken / followen vun eise Säiten op Facebook / Instagram, mat engem Don, mat Sponsoring, etc ënnerstëtzen.
 

 

Mir soen am Viraus villmools Merci fir all Ënnerstëtzung!

 

industrie.lu a.s.b.l.

c/o Jean-Marie Ottelé
8 rue Roger Frisch
L-4956 Hautcharage

Email: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Phone: +(352) 621 648 343


IBAN: LU45 1111 2423 6963 0000 BIC: CCPLLULL

This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Support #SaveThePast

industrie.lu - A website as Nation Branding

 

industrie.lu-Login