Gerberei Bech, Grevenmacher

More
8 months 2 weeks ago #1003 by Jerry
Replied by Jerry on topic Gerberei Bech, Grevenmacher
Gudde Moien,

Ech hunn iergendwou gelies, dat d'Wunnhaus Bech, an der Tréiererstrooss zu Gréiwemaacher, vis-à-vis vun der Post wier. Dat kinnt jo dann dëst Haus sinn:



Vläicht ass Electricité Bernard Paulus de Successeur vum Elektriker Jean Steffes...

LG,

Jerry

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
9 months 2 weeks ago - 9 months 2 weeks ago #993 by clauhe
Replied by clauhe on topic Gerberei Bech, Grevenmacher
Hei villächt Léisung.
Zu Gréivemaacher get et de Flouernumm "bei den Lahrhäuser". Dat ass an der rue de Wecker No.1-7 an 2-4.
Hei woren e puer Giewereinen. 

Am LW 4.11.1961 liese mer, " ...Ch. Lessel-Wahl...Seine Gerberei lag am Lohbach neben der Gerberei Bech-Beck..."
Lohbach ass Rouderbaach (LW 7.7.1965)
Am LW 21.7.1927 steet, " Das bei den Lohhäusern gelegene Wohnhaus mit Garten und Dependenzien...ging durch freihändigen Kauf...über...Das Anwesen war früher das Gerbereigebäude der Herrn Lessel-Wahl...".
Giewerei Bech-Beck wor also hei an der rue de Wecker.
Hei wor och Giewerei Harsch-Barbel.
LW 21.1.1956  "...Herr Alphonse Harsch-Barbel, Gerbereibesitzer,...Seine Gerberei mit Lohmühlenbetrieb befindet sich wie ehedem am Lohbach, im Volksmunde bei den Lohhäuser genannt....
LW 18.4.1962 "...Auf derselben Versteigerung wurde ein Gebäude (frühere Gerberei) an der Straße Grevenmacher-Wecker, gehörend der Dame Alphonse Harsch-Barbel aus Grevenmacher, von Herrn August Hoffmann käuflich erworben."
Des Giewerei muss an der rue de Wecker op Nummer 2 gewiescht sinn.  Am Joer 2009 stung hei d'Eckhaus "Hoffmann"  (Google-maps Mai 2009)
mbG
Claude

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
9 months 2 weeks ago #992 by admin
Replied by admin on topic Gerberei Bech, Grevenmacher
D'Haus Bech, an der Tréiererstrooss, war wahrscheinlech ëm 1950 ee Café, resp. eng Bäckerei:

Grevenmacher. Herr Franz Befort-Ludwig, Gastwirt, erwarb das durch Feuersbrunst vor Jahren zerstörte Wohngebäude mit Dependenzien der Erben Thomas Bech. Herr Befort ließ dasselbe neu restaurieren und wird in Kürze ein modernes Cafe eröffnen. Die anstoßende Scheune verkaufte er an den Elektriker Jean Steffes. ... (t: 27.10.1948)

Grevenmacher - Das Haus in dem Herr Franz Befort-Ludwig, Trierstraße, sein Café-Betrieb, wird neu restauriert und wird Herr Ruppel-Kess seine Pâtisserie dorthin verlegen. (t: 3.2.1949) - oder ass dëst eng aner Plaz?
Dest erméiglecht et vläicht d'Stroossennummer erauszefannen.


D'Gierwerei Bech selwer war wahrscheinlech net an der Tréiererstrooss, beim Haus Bech, mais zu Gréiwemaacher, Lohbach:

Der jüngste Sohn Peter Lessels ist mein Vater Karl Lessel-Wahl, der demnächst sein 90. Lebensjahr vollendet. Lange Jahre hindurch hatte er ein Ledergeschäft im väterlichen Hause, der Gerbereibetrieb befand sich am Lohbach neben der Gerberei Bech-Beck. Bis in die 1870er Jahre hinein blühte in Grevenmacher das Gerberhandwerk, und auch mein Vater fuhr noch mit seinen Waren zur Frankfurter Ledermesse. Dann ging es rapid bergab, und schließlich hatte die internationale Lederindustrie das alte bodenständige Gerberhandwerk erdrosselt. Im Jahre 1912 siedelte mein Vater nach Luxemburg über, und damit verschwand aus Grevenmacher eine Familie, die während mehr als zwei Jahrhunderten ansässig gewesen und der Stadt eine Anzahl tüchtiger und ehrsamer Bürger geschenkt hatte. ...(OMZ: 25.2.1927)

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
9 months 2 weeks ago #989 by Gilles
Gerberei Bech, Grevenmacher was created by Gilles
Gudde Moien,

ech hun hei www.industrie.lu/tannerieBechGrevenmacher.html  Informatiounen iwwert d'Gierwerei Bech zu Gréiwemaacher fonnt.

ech hun eng Fro: wou genee war dës Gierwerei an der Tréiererstrooss zu Gréiwemaacher?

Villmools merci!

E schéinen Dag,

Gilles

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

News

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL) iwwerwise gëtt, mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus !  
Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wéi sichen & fannen um industrie.lu?

Den industrie.lu gët all Dag méi grouss. Duerfir ginn et verschidde Méiglechkeeten eppes um industrie.lu ze sichen an och  ze fannen:

 

D’industrie.lu-Sich-Funktioun:


 Gitt een oder méih Wieder an fir ze sichen, zB: Mersch Gierwerei
'*' an '?' kënnen als Jokerën benotzt gin, z.B. Luxem* fir glaichzaitëg Luxemburg an Luxembourg ze sichen, oder Du?ont, fir glaichzaitëg Dumont an Dupont ze sichen.



Lescht Ännerungen - Last Updates - Dernières modifications - Letzte Änderungen

Déi regelméisseg Visiteuren fannen déi lescht Ännerungen um industrie.lu chronologesch sortéiert an der Rubrik Updates. Esou kann ee matverfollegen ewéi den industrie.lu sech weider entwéckelt an op wéi enge Säiten eppes geännert huet.

Do gesäit een och déi aktuell Unzuel Säiten

Et gëtt also ee Grond fir all Dag um industrie.lu laanscht ze surfen...

 

Sich op Säit - Find in page – Recherche sur page – Suche auf Seite

Verschidde Säiten um industrie sin zimlech laang an duerfir ass net ëmmer einfach e bestëmmt Wuert erëmzefannen. D'Sich vun engem bestëmmte Wuert op enger laanger Säit hänkt awer vun der Maschinn of, wou een drop schafft:

    • Windows : d'Ctrl-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
    • Mac : d'Command-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
    • Android: uewen riets op déi 3 Punkten tippen, an duerno "Find in page" benotzen.

                   

    • iOS (Iphone/Ipad): op de Share-Käppchen (Këscht mat Feil no uewen) drécken, 

                   
                  an dann "Find on page" selektionéieren: 
                  

 

 

Da geet jeweils eng kleng Fënster op (ënnen oder uewen, jee no Browser) wou een dann ee Wuert kann antippen, an duerno et sichen:

 
Wann dat Wuert e puer mol op där Säit vir kënnt, kann ee mat de Feiler (riets) vu Wuert zu Wuert sprangen.

 

 

Regruppement no dem Industrietyp:

Déi verschiddenen Themesaiten:

 

 

Et kann ee och e puer vun dëse Funktiounen combinéieren. Wann een dann nach ëmmer eppes net sollt fannen, gët et nach ëmmer d’industrie.lu-Helpline: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. 

Ennerstëtzt industrie.lu

Um Internet-Site "www.industrie.lu" ginn op iwwert 13.700 Säiten d’Geschicht vun Industrien, Fabriken, Produkter, etc. vu Lëtzebuerg, an doriwwer eraus, virgestallt. D’Alldagskultur vu Lëtzebuerg gëtt heimat dokumentéiert. Leider ginn et vu villen Industrien keng Archiven méi, an all Informatioun muss ewéi an engem Puzzle stëckweis zesummegesicht ginn. All Informatioun ass an dësem Puzzle wichteg!

Bei dësem Projet, kënn Dir eis weiderhëllefen mat aalen Dokumenter, Bréiwer, Prospekter, Rechnungen, Aktien, Produkter an hir Verpackung, Reklammen, Fotoen, Bicher, a soss Informatiounen vun lëtzebuerger Industrien a Fabriken. Jidder zousätzlech Informatioun a jiddwer Foto ass wëllkomm. D’Original kritt Dir natierlech zréck!

Mir hunn zënter iwwert 20 Joer ganz vill Zäit a Suen an dësen Projet investéiert.

Wann eise Projet Iech gefällt, kënn Dir den industrie.lu - Projet awer och mat liken / followen vun eise Säiten op Facebook / Instagram, mat engem Don, mat Sponsoring, etc ënnerstëtzen.
 

 

Mir soen am Viraus villmools Merci fir all Ënnerstëtzung!

 

industrie.lu a.s.b.l.

c/o Jean-Marie Ottelé
8 rue Roger Frisch
L-4956 Hautcharage

Email: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Phone: +(352) 621 648 343


IBAN: LU45 1111 2423 6963 0000 BIC: CCPLLULL

This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Support #SaveThePast

industrie.lu - A website as Nation Branding

 

industrie.lu-Login