Et ass de leschten Quai lenks op der
Streck Hussigny - Audun virum Tunnel
, vun Hussigny op den Tunnel gekuckt, vis-à-vis vun der Gare Adlergrund (Redange/Moselle).
Mir sichen wou a wéini dës Foto vun dem Minettsquai gemach gouf:
Virum Quai steht den SNCF Wagon mat der Nummer Tw 7752898
Poteauën trennen d'Quai-Gleis an d'Haaptgleis. Am Haaptgleis lait eng Weich.
D'Bascule vum Quai ass mat Betonszille gebaut, huet ee klenge Virbau, an ee flachen Dach.
Um Quai steet eng Willy's Jeep, mat der Plaquen-Nummer 3189, déi mat engem Seel 2 Buggien zit. Déi Jeep huet nom "Relevé des automobiles et des avions 1960" dun dem "Henri Bruch, Peinture/Décors, Esch/Alzette" gehéiert. An de Buggien schingt kee Minett, mais Sperrmüll ze leien. D'Foto gouf jo mol nom 2. Weltkrich gemach.
Villmols merci am Viraus fir all Äntwert!
Jean-Marie Ottelé
Tél: 621 247 909
E-Mail: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.