"Dëse Logo huet de
Keramiker Jean Peters aus dem Reckendall
während laange Joeren op séng Erdesaachen gestempelt, ier de Leem dréche war.
E stellt en Aulebäckertuer duer, op deem eng Vase steet. Dorënner sin d'Initiale vum Kënschtler. De Jean Peters huet eegen Erdekréatiounen an dausende vu Péckvillercher hiergestallt tëschend 1931 an 1980.
Niewend dem Stempel hat hien och nach zwou verschidde kleng Etiquetten mat demselwechte Logo déi meeschtens sichtbar ob d'Säit vun den Erdewuere gepecht gouf:"