Ech wollt mech nach eng keier mellen, do ech meng
Whizzer
ugemellt kruut, an dei verschidde Schrett matdeele wollt.
fier d'eischt hunn ech missen eng expertise maache loosen, fier eng Gro Kaart unzefroen. Duerno hunn ech nach missen en Nummerscheld an eng assurance maachen, an d'Expertise nach eng Keier weisen, fier dass de Moto als véhicule historique agestuft gett.
Wann nach een eng weider fro huet, kann deen roueg froen.
" wann nach e letzebuerger Nummerscheld drop ass dann ass keen Problem...vu dass dei
Whizzer
jo zu Cessange gebaut gi sinn...daerft daat och meiglech sinn dir kennt mech gaeren uruffen oder mat aerer Whizzer op eise programmeierten Whizzer Remembrance Day de 18 September beim APL zu Cessange kommen "
Ech hunn säit geraumer Zäit eng
Whizzer
dei a Letzebuerg gebaut ginn ass, an weilt dei elo op d'Stroos brengen.
De Probleem ass, dass ech keng Gro Kaart hunn fier dei einfach unzemellen. Ech wollt emol nofroen waat esou dorop steet, falls een eng hei a Letzebuerg ugemellt huet. Et handelt sech em eng vun deenen eischten vun 1947. Oder haat een eng ähnlech Ausgangslag an wees wei eng Schrett ech muss maachen fier zum Ziel ze kommen.