Waasserbehälter zu Remeleng: Wou a wéini? Geléist!

Plus d'informations
il y a 1 an 7 mois #678 par admin
Hei ass eng Info zur Schminni am Laangegronn vum Denis Klein:

Op der Postkoart gesäit et aus, wéi wann dee Kamäin géif zum Carreau vum Deutschlux-Laangegronn gehéieren. Wat déi elo mat enger Dampmaschinn gemaach hätte, weess ech net, e Kompressor?

Villmools Merci!

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 1 an 7 mois #670 par clauhe
Gudden...
Ech mengen net dass des Schminni an der Geigend vun der Zentral stong. D'Zentral ging ech op der Foto (déi mam Wasserbehälter) eischter nach méi no lenks gesinn. Vir mech steet Schminni nach an deem Beräich éier et no lenks an den aalen Escher-Wee era geet. Hei woren jo op der Südsäit Gebeier vun der Mine Hadir-Laangegronn an op der Nordsäit Gebeier vun der SME (am Voleksmond bei de Metzen genannt ) speider vor dat jo Arbed.
Mä ewéi ech schons geschriwwen hun wees ech näischt Konkretes iwwer des Schminni. Leider )-:

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 1 an 7 mois #669 par Minettsdapp
Réponse de Minettsdapp sur le sujet Waasserbehälter zu Remeleng: Wou a wéini? Geléist!
Gudde Moien,

Villmools Merci fir all déi Informatiounen!

Kinnt d'Schminni da vun der Zentral am Laangegronn sinn, obschons ech nach keng Foto gesinn hun wou dës eng Schminni huet, just ee grousse hëlzene Killtuerm... (mais di 2 stinn oft beieneen):

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 1 an 7 mois - il y a 1 an 7 mois #668 par clauhe
Moien.
Dësen Wasserbehälter, deen eischten zu Rëmeleng, ass am Joer 1902 um Rembur gebaut ginn. Op der Kaart aus den Joer 1954 um geoportail ass dësen agezeechend.

Gespeist gouw en vun de Quellen Rembur (1902) an Héiseng (1903, Neifaasung 1936). De Behälter speist haut nach just een Hydrant, dee steet ganz ennen an der rue Rembur. Wasser get, well et keng Drenkwasserqualitéit méi huet, nach just vun der Gemeng a Lamesch geholl vir ze nätzen an ze spullen.
Rëmelenger Wasserversuegung wor deemols net esou einfach. Hei drängen sech nach méi intensiw Recherchen op, déi och schon deelweis vu mär gemach gi sinn, awer nach net prett sinn vir hei op dësen Site.
Zu der Schminni am Hannergrond. Do kann ech iech leider näischt Konkretes soen. Et kann dëss ee Kamäin vun der Hadir sin. An dësser Richtung woren Gebäier vun der Hadir-Laangegronn.
mbG
Dernière édition: il y a 1 an 7 mois par admin.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 1 an 7 mois - il y a 1 an 7 mois #667 par Minettsdapp
Ech hu grad folgend flott Foto hei um industrie.lu fonnt:

In Rümelingen ausgeführter Wasserbehälter von ca. 400 cbm Inhalt, hergestellt mit Rümelinger Puzzolanzement und Dommeldinger Portlandzement

Wou a wéini gouf dësen Waasserbehälter zu Remeleng gebaut? Wéi eng Schminni gesäit een lënks uewen?

Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!
Dernière édition: il y a 1 an 7 mois par Minettsdapp.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.098 secondes
Aller au haut