"Geochemisch wird die Minette in eine untere «kieselige» (silikatische) und obere
«kalkige» (limonitische) Paragenese unterteilt. Die Trennung erfolgt nach dem verhüttungstechnisch wichtigen Quotienten Ca0/Si02 ( < 1,4 = kieselig, > 1,4 = kalkig)."
Quell: SEDIMENTOLOGISCH - STRATIGRAPHISCHE
UNTERSUCHUNGEN IN DER MINETTE
DES DIFFERDINGER BECKENS
(LUXEMBURG)
von
JEAN THEIN
LUXEMBOURG 1975
SERVICE GEOLOGIQUE DU LUXEMBOURG
Esou ewéi dir dat hei schreift, esou kann een dat méi oder wéineger soen.
Ech hun hei 4 Tabellen a Bicher fond, déi ech och emmer mat op meng Tier durch de Minette mathuelen. Hei gesäit een och gutt dass des Minetteschichten net iwwerall vertruede sinn. Bei enger Tabell (Durchschnittsprofil im Escher Becken) hunn ech uewendriwwer e puer Oolithen gepecht. Aus dësen ass jo d'Eisen gemaach ginn, de Rescht vum Minettessteen dat ass d'Schlak ginn.
Fir dass des Minette am Héichuewen sollt "schmëlzen“ war, sou wäit ech weess, Verhältnis kallek- zu kiselhalteger Minette 1 zu 2: 1 Tonn kiselhalteg op 2 Tonnen kalekhalteg Minette. Dat erkläert och firwat Firmaen (ARBED, HADIR, MMR...) esouwuel op Déifferdenger Säit ewéi och op Rëmelenger Säit wollten Minette ofbauen.
Op Wiki.lu hunn ech folgendes fond: lb.wikipedia.org/wiki/Minett_(%C3%84erz)
Zur Minette:
„De Gehalt u Kallek a Kiselsaier spillt eng wichteg Roll, souwuel beim Ofbau wéi och bei der Verhüttung am Héichuewen. Wann d'Verhältnes CaO:SiO2 bei 1,5 läit, da kann een d'Eisenäerz ouni Zougabe schmëlzen, läit d'Verhältnes iwwer 1,5 dann ass et kallekegt Äerz, läit et drënner dann hu mer et mat kiselegem Äerz ze dinn. Zu Lëtzebuerg fënnt ee keen neutraalt Verhältnes, mä dofir awer déi zwee aner, getrennt duerch d'Uelzechtdall: am Rëmelenger Becken ass kallekegt Äerz (Fe 20-33 %; CaO 15-18 %, SiO2 6-7 %), an am Déifferdenger Becke kiselegt Äerz (Fe 29-34 %; CaO 8 %, SiO2 17 %).“
Meng Froen: Stëmmt dat? A gëtt et eng Quell dofir ?