D'landwirtschaftlech Betrieber vun der ARBED

Plus d'informations
il y a 1 mois 3 semaines - il y a 1 mois 2 semaines #940 par jmo
Réponse de jmo sur le sujet D'landwirtschaftlech Betrieber vun der ARBED
Hei ass eng Info déi mir vun der Gemeng Wënscher kruten:

"Nodeems mer bësse recherchéiert honn, konnte mer folgendes iwwert den ARBED’s Haff zu Béigen rausfannen:
  • Den Haff gouf 1934 von enger Famill GILLET kaaft. Et war anscheinend fir déi Zäit engt grousst Uwiesen.
  • 1974 ass e leider verbrannt a gouf dorno nei opgeriicht. Von deem ale Gebai ass näicht méi do. E Schapp dee verbliwwe war gouf bei engem zweete Brand méi spéit och zerstéiert."


De fréieren Arbedshaff zu Béigen


Villmools Merci!

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 1 mois 3 semaines #938 par Jerry
Réponse de Jerry sur le sujet D'landwirtschaftlech Betrieber vun der ARBED
Ech giff beim Colmer ARBED's Haff op de Carelshaff tippen,
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: jmo

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 2 mois 2 semaines - il y a 2 mois 2 semaines #937 par admin
Réponse de admin sur le sujet D'landwirtschaftlech Betrieber vun der ARBED
Gudde Mëtten,

Et goufen weider ARBED's Häff zu Biergem, Colmer-Bierg, Téiteng...
  • Wou waren déi ARBED's Häff zu Biergem, Colmer-Bierg, Téiteng?
  • Ass mam Téitenger ARBED's Haff d' Ferme Roschheck gemengt?

Op folgender Säit sammele mer all déi Informatiounen: landwirtschaftlech Betrieber vun der ARBED

Villmools Merci am Viraus fir all weider Info!

Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 2 mois 2 semaines #935 par clauhe
Réponse de clauhe sur le sujet D'landwirtschaftlech Betrieber vun der ARBED
Gudden ....
Hei e puer Wuert zum ARBED's-Haff beim Käler Poteau.
Den ARBED's-Haff, och nach Ferme Roschheck genannt gouw am Joer 1917 vun der Arbed gebaut. 1974 ass den Haff ofgerappt ginn. Dee leschte Bewunner war den Här Weinandt oder esou änlesch.
Den 28. Dezember 1933 stieft den Här Nicolas Reinard op der Ferme Roschheck do wou hien gewunnt huet.
Den 10. Januar 1929 huet d'ARBED hei um Haff eng Stee ofgehalen. Pärt a landwirtschaftlech Geschier koum ennert den Hummer.
1922 war den Här Nikolaus Majerus de Verwalter vun dessem Haff.
Méi hunn ech bis elo nach net zum Thema ARBED's Haff den zweschend Rëmeleng an dem Käler-Poteau war an op Käler-Terrain luch eraus fonnt.
Villächt kennt och nach deemnächst hei um Site eng Säit iwwer dessen Haff.
mbG
Claude
Les utilisateur(s) suivant ont remercié: admin, Minettsdapp

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Plus d'informations
il y a 2 mois 2 semaines #934 par Minettsdapp
D'landwirtschaftlech Betrieber vun der ARBED a été créé par Minettsdapp
Gudden Owend,

Ech hun hei eppes iwwert landwirtschaftlech Betrieber vun der ARBED gelies

- Wéi eng landwirtschaftlech Betrieber hat d'ARBED ? de Krakelshaff, ...

- War den Arbedshaff beim Käler Poteau och e landwirtschaftlechen Betrieb ?

- Vu wéini bis wéini gouwen se exploitéiert ?

Villmools Merci am Viraus!




 

Connexion ou Créer un compte pour participer à la conversation.

Temps de génération de la page : 0.093 secondes
Aller au haut