Monument Kirchberg: Converter aus wéi enger Schmelz? geléist

More
9 years 4 weeks ago #261 by admin
Hei ass eng Info vum Här Mackel: Dat war effectif de Konverter No 5 vu Schëffleng. D'Nummer 5 gouf ofgerappt wéi den 2. LDAC Konverter opgeriecht war.

Villmols merci!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
9 years 7 months ago #226 by admin
Moien,

Mai Papp (Joergang 28) huet zu Schëffleng an der Schmelz geschafft (AES), hie woar Mäschter am "Atelier de Construction".

Ëch woar déi Zäit um Technikum um Kirchbierg.

Enges Dags soot hie mär:

"So Jong, där kritt elo eng Konverterbir vun äis virun d'Schoul gesaat!"

Ëch woar natiirlech begéschtert dës Noricht un d'Schoulkollegen weider ze ginn.

Déi hunn awer all gemengt ech hätt se nët méi all.

Eng kuerz Zäitchen duerno stung d'Bier do.

Dat woar esou Mëtt 70 Joer, kucken dat awer nach genee no.

Jean-Paul Reuter

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
9 years 8 months ago - 9 years 7 months ago #220 by jmo
Dës Thomasbir kinnt aus der Diddelenger Schmelz stammen...

All weider Info ass wëllkomm!

Affaire à suivre

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
9 years 9 months ago - 9 years 7 months ago #204 by admin

Aus wéi enger Schmelz stammt déi Converter - Bir déi zënter ville Joëren um Kirchbierg als Monument stet?
uni.lu - Campus Kirchberg (ancien Institut Supérieur de Technologie / Ecole technique / Technikum") rue Richard Coudenhove-Kalergi, Luxembourg, Kirchberg (Photo: 14.6.2010 jmo)

info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Map (test)

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login