- Posts: 326
industrie.lu - D'Industriegeschicht vu Lëtzebuerg, an doriwwer eraus
Wou ass dësen Accident geschitt? Geléist! zu Beggen
- admin
- Offline
Hei ass een aktuellt Bild vum Eck 60 rue de Beggen mat der rue de la Cimenterie. Leider ass d'Haus mat der Traapen (60 rue de Beggen) duerch eng Résidenz ersat ginn!
Duerch d'rue de la Cimenterie ass d'Schlaackebunn (60 cm Spurwait) op d' Dummeldenger Cimenterie gefuer
an ass op der Plaz vum Accident iwwert d'Beggener Strooss vum Schlaackentipp komm. Spéider huet d'Schlaackebunn en plus hei den Tram gekraizt.
Vlaicht ass och nach eng Foto vum aalen Haus op 60 rue de Beggen (maison du garde-barrière ) op ze dreiwen.
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- BB3608
- Offline
- Posts: 14
se schreiwen zwar vum "chemin de fer", mee kéint ët nët den Iwwergang vun der Dummeldenger Schmelz, duerch déi heideg Rue de la Cimenterie, quiersch iwwert d'Beggener Strooss op den Tip gaangen ass. Datt den Accident op der Beggener Strooss geschitt ass, wier jo an dem Sënn logësch, well se jo Richtung Wolz gefuer sin
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- admin
- Offline
- Posts: 326
Accident d’automobile. Hier matin, M. Saur devait se rendre en compagnie de son chauffeur à Wiltz, lorsque l’automobile, traversant le passage à niveau près de Beggen, s'engagea dans les contre-rails du chemin de fer. La direction faussée, la voiture donna contre l’escalier de la maison du garde-barrière où l'avant-train fut démoli complètement. Les voyageurs n’ont pas été confusionnés. (LIL: 12.6.1908)
Wéi eng Barrière ass hei gemengt?
Villmools Merci am Viraus fir all Info! info@industrie.lu
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- jmo
- Topic Author
- Offline
- Posts: 275
Op ärem Internetsite Industrie.lu do hu dir eng Foto vun engem Autosaccident. Där frot do ewou dat ka sinn ( Mersch ? ). Ech hun haut eng Foto gemach vum Haus No 63 rue Principale zu Cruchten.
Et kann sech hei em dat Haus handelen wat där sicht. Riets op menger Foto do geet et an rue Neuve. Wann deen Auto aus desser Stroos komm ass an no lenks an rue Principale wollt ofbéien dobäi d’Kéier net richteg grut da rennt hien an dest Haus. Dat géif och erklären virwat de Steen vun der Trap lenks vun der Dier läit an dat Schongofbotzeisen dat an der Mauer ass net futti ass. Op menger Foto do gesäit een och dass déi Steng ronderem Dier an d‘Fensteren nei sinn, d’Klapplueden sinn och net méi do. De Baam riets vum Haus op äerem Bild deen en do nemmen hallef gesäit ass och nach do, ewoubäi dat Haus an der Mett op ären Bild do steet haut eng Scheier. Mä ewéi gesot et mus sech net unbedingt em dës Plaz handelen.
Vill Spaas a bis dann.
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Robert
- Offline
- Posts: 43
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- jmo
- Topic Author
- Offline
- Posts: 275
La plaque 9xx-N1 provient de l'arrondissement minéralogique de Nancy (avant les départements, et bien plus vaste), et date de fin septembre ou tout début Octobre (le 02 ?) 1907.
Villmols merci!
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- jmo
- Topic Author
- Offline
- Posts: 275
Den Auto ass ee Peugeot, aus dem Grand Garage G. Saur-Koch, Boulevard-Royal, Luxembourg ,
Ass dëst eng lëtzebuerger Autosplaque?
D'Qualitéit vun der Foto ass esou gutt, dat ee esouguer d'Marque vun de Pneuën Michelin gelies kritt!
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Gilles
- Offline
- Posts: 10
Kinnt dat do nët tëschend Biereng a Méisdrëf, oder an der rue Lohr zu Miersch sin?
E schéine Bonjour,
Gilles
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- jmo
- Topic Author
- Offline
- Posts: 275
(Photo collection: industrie.lu)
Wou a wéini ass dësen Accident geschitt? an der Géigend vu Miersch? (dat steht mol hannen op der Foto drop)
Den Här, lënks am Bild, schingt Vollkasko gehat ze hun wann een de Propriétaire vum Auto war, well ee gesait nët gestress aus...
Villmols merci am Viraus fir all Hiweis!
Un grand merci d'avance pour toute info!
Vielen Dank im Voraus für jede weitere Information!
Jean-Marie Ottelé
E-Mail: info@industrie.lu
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
Support industrie.lu
- with information / old documents / photos / improvements
- with a subscription or like of our Facebook page and of our Instagram page
- with the purchase of the industrie.lu USB stick:
- with a donation, as our project is mainly financed by private contributions.
Every gesture is a great help to us!
Many thanks in advance for all your support!
industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren
Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.
Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.
Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL) mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.
All Ënnerstëtzung zielt - Villmools Merci am Viraus !
Weider Themesäiten
- Ingénieurs
- Erfindungen - Erfinder
- Industriekultur - Muséeën
- Denkmalschutz
- Industrie & Geschicht
- Industrie & Sprooch
- Industrie & Plazen
- Industrie & Aktien
- Industrie & Konscht
- Eisebunns-Patrimoine
- Industrie & Assurancen
- Industrie & Banken
- Industrie & Geld
- Industrie & Pompjeeën
- Industrie & Haiser
- Wierkbunnen
- Schëfffaart
- Aviatioun
- Al Betriber - Geschäfter - Caféen, etc
- Hôtels
- Caféen - Wiertschaften

