Geléist: Résidence du directeur de l'Usine - Dommeldange

More
11 years 8 months ago - 11 years 8 months ago #82 by Robert
Hei sin nach 2 Fotoen vun der Résidenz ëm 1915/16 déi ech op delcampe.com um Internet fonnt hun:



Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
12 years 1 week ago #74 by Gilles
Den 3. März 1895 ass de Gustave Metz an der Dummeldenger Direkteschrésidenz gestuerwen.

Source: Biographie nationale du pays de Luxembourg

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
12 years 2 months ago - 12 years 2 months ago #59 by jmo
Hei sin e puer ganz interessant Fotoën vum ARBED-Direkter Emile Bian a senger Famille virun senger Dummeldenger Direkteschrésidenz ëm 1910/11:



(Collection: Paul-Louis Ensch)

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
12 years 7 months ago - 12 years 7 months ago #35 by jmo
Hei ass de Resumé vun allen Informatiounen déi ech biselo krut:

Hei ass nach e Bild vun der Direkteschrésidenz dat ech vum H. Marcel Schlim gemailt krut:






Dat Gebai gouf, laut dem aktuelle Propriétaire, 1955 ofgerappt, an duerch een neit ersat.



Esou huet d'Gebai em 1865 ausgesin:

Et wor d'Wunnhaus vum Botaniker François Auguste Tinant (1803-1853) den do 22 Joër bis zou sengem Doud zu Dummeldeng gewunnt huet.

1889:

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
12 years 8 months ago - 12 years 8 months ago #28 by jmo

Dëst ass eng Postkart vun der Résidence du directeur de l'Usine - Dommeldange

Wou wor déi Résidence?
Existéiert se nach?

Villmols merci am Viraus fir all Informatiounen!

Jean-Marie Ottelé

info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login