Firwat waren d'Fändelen op dëser Postkaart op Hallefmast?

More
5 years 8 months ago #474 by Eyrich Pascal
1919 den Obstand ewou Arbechter zu Deifferdang erschoss gin sin ! Evtl.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
6 years 5 days ago - 6 years 5 days ago #409 by Robert
Gudden Owend,

Ech hun am tageblatt vum 10.02.1917 fonnt, dat fir d'"Leichenfeierlichkeit" vum verstuerwenen Buergermëschter vun Esch J.-P. Michels d'Fändelen zu Esch op Hallefmast stungen.

Vlaicht hëlleft dat weider.

E schéinen Owend,

Robert

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
6 years 11 months ago - 6 years 11 months ago #354 by admin


Esch/Alzette: Casino und Beamtenhäuser der Gelsenkirchener Bergwerks Aktien Gesellschaft - 1923 gestempelt (Carte postale: Edit. P. Houstraas, Luxembourg; Collection: Marcel Schlim)

Aus wéi engem Grond waren d'Fändelen op dëser Postkaart op Hallefmast?

War dëst nom Doud vum Grand-Duc Guillaume IV, deen den 25.2.1912 gestuerwen ass?
Ginn et aner Postkaarten aus dëser Zäit, eventuell och vun Edit. P. Houstraas, Luxembourg, déi och Trauerbeflaggung weisen?

Villmools Merci am Viraus fir all Info! info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login