Alarm! Gendarmeriedetachement vor dem Ausrücken - Wou a wéini war dëst? Geléist!

More
5 years 9 months ago #458 by admin
Hei weider Informatiounen vum Camille Diener:

Den Gendaarm HIRTZ Jean Pierre ass effektiv an der Gendarmerie gewiescht, dest ab dem 28. Juni 1929 (virdrun war hien ab dem 07. Juli 1924 an der Freiwellegekompanie.
Den HIRTZ huet seng ganz Karriere bei der Brigade Letzebuerg gemaach, hien ass ereicht den 26.08.1957 als Brigadekommandant op Wasserbelleg komm.

Ech hunn awer an eisen Archiven en Dokument fonnt wou en Camion 4 Tonnen Marke SAURER matt den Plakken Lux10150 opgelest ass. Den Camion ass 1930 ungeschaaft ginn an stong och nach den 10. Juni 1940 op der Lescht, dest niewent 10 weideren Gefierer.
Dei 11 Gefierer vun der Gendarmerie sinn alleguer op Berlin bei ´Technische Polizei-Schule´ komm.

Den Datum vun der Foto ass also tëscht 1930-40.

D'Foto gou am Haff vun der Helleggeescht-Kasär vun der Gendarmerie (haut d'Cité judiciaire) gemach.


Villmools Merci!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
5 years 9 months ago - 5 years 9 months ago #457 by admin
Hei eng Info vum Jérôme Gangolf:

Et misst d'Plaque Lux 10150 sin. Eng Photo (wann net déi selwecht) get et an der Photothèque (Bertogne 1082).
Et ass en Bus vun der Marque "Saurer". 1. Immatrikulatioun ca. 1930.


Villmools Merci!

Dës Foto am industrie.lu-Forum krute mer aus Kanada gescheckt.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
5 years 9 months ago - 5 years 9 months ago #454 by admin

"Alarm! Gendarmeriedetachement vor dem Ausrücken" - Dësen Text steet hannen op der Foto (Collection: Val Hvidston)
der 4. von links ist Jean-Pierre Hirtz (* 1905)

Wou gouf dës Foto gemaach? Wéi ee Gefier ass dëst? Wéini ass déi Foto ongeféier gemaach ginn?

Villmools Merci am Viraus fir all Info - info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login