Wou war d'Minière Stiedestein? = Stielestein - Geléist!

More
5 years 5 months ago #531 by admin
Hei d'Léisung vum Claude Hermes:

Am Buch „ Rümelinger Land und Leute“ vum Nicolas Charpantier Sankt-Paulus-Druckerei, Luxemburg 1957, liese mär hei vun engem „ Stiélestên“ Dat ass am Heidterweg, dat ass haut rue de la Bruyère, Rumelange, beim leschten Haus riets. Haut ass do ee grousst Lach. Dat ass direkt lenks nierft der Mine vum Musée des Mines de Fer.



Villmools Merci!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
5 years 6 months ago #521 by admin
Mir sichen wou d'Minière Stiedestein war?

Dësen Numm hu mir an engem Document vum 4.1889 iwwert d' Personnel et production moyenne journalière aux minières de Gonner - Nau, Rumelange , fonnt. Do steet e.a.:

Stiedestein: personnel: 57; production: 200 t

Et war also nët déi klengste Minière.

Villmools Merci am Viraus fir all Info! info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login