Fotoen vu lëtzebuerger Fliegerpionnéier mam Wilbur Wright 1908? Deelweis geléist

More
4 years 7 months ago - 4 years 7 months ago #587 by admin
Hei ass mol d'Léisung vun der éischter Fro:

Et ass den Ernest Zens mam Wilburn Wright um Camp d'Auvours zu Le Mans wéi folgend Foto weist:




Mais d'Sich no weideren Infos/Fotoen aus de Joëren 1908-09 vu lëtzebuerger Fliegerpionnéier geet weider!

Villmools merci am Viraus fir all weider Info/Foto un: info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
4 years 8 months ago - 4 years 7 months ago #583 by jmo

Wéi een lëtzebuerger Fliegerpionnéier sëtzt hei lénks niewend dem Wilbur Wright am Doppeldecker 1908: den Ernest Zens oder de Paul Zens ?

Et gouf och eng Foto vun 1908 vum Vincent Wiesenbach zesummen mam Wilbur Wright ("Une grande photographie exposée dans la vitrine de la maison de cycles Thorn, avenue de la Gare à Luxembourg, nous montre l’aéroplane Wright sur un camion automobile et MM. Vincent Wiesenbach et Wilbur Wright installés sur les sièges de la voiture."- LIL: 26.9.1908) Kennt een dës Foto?

Ginn et nach aner Fotoen vun de lëtzebuerger Fliegerpionnéier , Gangler , etc. aus där Zäit?

Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!

Alles Gutts!

info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login