Wat ass an dessem Gebai? Geléist!

More
4 years 7 months ago - 4 years 7 months ago #593 by BB3608
Replied by BB3608 on topic Wat ass an dessem Gebai? Geléist!
Gudden Owend,

daat Gebai war eng Garage fir d'Gendarmerie geplangt vum lëtzebuerger Architekt Narce Lutz. Beim Design vun deem Gebai, huet den Narce Lutz sëch un der Formensprooch vum Le Corbusier inspiréiert.
Archithèse 4/2009

Hei den Link op en Dokument vum SSMN
Narce Lutz
The following user(s) said Thank You: admin

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
4 years 7 months ago #592 by balu
Zu Dikkrech an der rue de l'Industrie, quasi vis-a-vis vun der Aler Séerei ass dest Gebai mat Garagen um Rez-de-Chaussee an engem eischte Stack deen eng nawell apart Form hut mat engem geschwongenen Daach, dat bessen ausgesait wei eng Sprongschanz an engem Kamin, deen och nawell besonnesch ass. Leider steet naischt um Gebai an et huet och keng grouss Fensteren.


Wat ass an dessem Gebai dran an wei een Betrieb ass hei? Ech wir och interesseiert iwwert Tuyauen zum Architekt, well et nawell een relativ eenzegartegt Gebai ass, wat hautdesdags wuel net mei sou gebaut dierft gin. Wouduerch kennt dei Sprongschanzenform, dei hei gewielt gin ass?

Villmols merci am Firaus!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login