Steebroch Verluerekascht - Steinbruch Verlorenkost

More
4 years 4 weeks ago #623 by BB3608
Gudden Owend,

souweit ech wees, ass d'Nei Brëck, d'Spuerkeess an den Cercle mat Stäng aus dem Steebroch zu Ernzen (Firma Montfort) gebaut gin.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
4 years 4 weeks ago #622 by Robert
Ech hat och un de Chantier Nei Bréck geduecht.

Do gëtt et jiddefalls eng Foto wou een eng Damplok mat Buggien gesäit déi Steng fir d'Nei Bréck erbäibréngt, mat der Bréck am Bau am Hannergrond, ech mengen dat misst awer um Plateau Bourbon gemaach ginn.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
4 years 4 weeks ago #621 by UP3985
Schantgen Nei Bréck, géing ech soën.
D'Material ass per Feldbunn geliwwert ginn.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
4 years 1 month ago - 4 years 1 month ago #620 by jmo
Mir sichen weider Informatiounen iwwert de Steebroch hannert dem Gendarmeriegebai um Verluerekascht , mat Kasemattenagang:




Vu wéini - bis wéini gouf de Steebroch exploitéiert ?
Vu wiem?
Ginn ët Fotoen vu fréier dovun?

Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!

E schéinen Owend,

Jean-Marie - info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login