Drahtseilbahn Rümelingen-Rodingen !!! Geléist!

More
3 years 3 months ago #699 by clauhe
Wouw, grousse Merci, dat do ass ganz interessant. Wann déi Seelebunn do gebaut gi wier dat wär jo ee riesege Projet ginn.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
3 years 3 months ago #698 by ncloos
Gudde Moien,

hei ass de Link op den Dossier aus de Staatsarchiven iwwert déi geplangten Seelbunn vu Rëmeleng bis bei d'Mine Doihl zou Rodange:

query.an.etat.lu/Query/Dateien/13/D67203.pdf

Vill Spas beim Studéieren,
Nico
The following user(s) said Thank You: jmo, UP3985

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
3 years 3 months ago #693 by UP3985
Nit 1908 mä och interessant.

Hei ass e Projet vun 1933 drann:
query.an.etat.lu/Query/Dateien/13/D67184.pdf
No enger Wénkelstatioun um Wäissen Haff dréit déi ower op Lasauvage / Grand Bois...

E Loftbild vun 1930 weist, dass do iergendeppes an der Mach wor:

remonterletemps.ign.fr/telecharger?x=5.8...nId=missions.5255465

Et gouf déi Zäit och vill geplangt an ni gebaut.
The following user(s) said Thank You: jmo, clauhe

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
3 years 3 months ago #692 by clauhe
Gudden...
Ech sichen Informatiounen (Dokumenter, Pläng...) iwwer d'Seelebunn Rümelingen-Rodingen !!!
Firwat ass déi ni realiséiert ginn ?
Am LW vum 10. Abrëll 1908 liese mär: "Esch a. d. Alz. Man nimmt momentan Vermessungen vor zwecks Anlage einer neuen Drahtseilbahn zwischen Rümelingen und Rodingen. Dieselbe soll parallel mit derjenigen zwischen Rümelingen und Differdingen laufen und wird dazu bestimmt sein, die Minette der Rodinger Hochofengesellschaft von Rümelingen nach Rodingen zu befördern."

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login