Interessant Treppeltier zu Rëmeleng

More
2 years 7 months ago #749 by clauhe
Interessant Treppeltier zu Rëmeleng was created by clauhe
Gudde Moien.

Och dëst Joer organiséiert den Ministère de l'Economie, Direction générale du tourisme erëm den "Guide for one Day", an och dëst Joer sinn ech als Guide erëm mat derbäi.
Zwee verschidden Tier hunn ech erausgesicht,
„ Auf den Spuren der Eisenerzförderung “ den 2.7.2023 an 9.9.2023
„ Auf den Spuren des Kalksteins „ den 9.7.2023, 5.8.2023 an 10.9.2023
Depart ass all Kéiers um 9:00 Auer um Parking vum Musée National des Mines de Fer zu Rëmeleng.
Weider Infoen ewéi och Umeldung fann där op www.guidforoneday.lu

A villäicht gesi mär eis op engem oder dem aneren Tour.
mbG
Claude Hermes
Rëmeleng
The following user(s) said Thank You: admin, jmo

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login