Bounäerz a Walzwierk Metzeschmelz

More
2 years 6 months ago #757 by clamey
Replied by clamey on topic Bounäerz a Walzwierk Metzeschmelz
Moie Clauhe,

Merci villmools.

Mat beschte Gréiss,
Clamey

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 years 6 months ago #755 by clauhe
Replied by clauhe on topic Bounäerz a Walzwierk Metzeschmelz
Gudde Moien
Zum Thema Bohnerz, op Franséisch heescht dat "minerai de fer pisolithique" oder och nach einfach"minerai de Fer fort"
Zum Thema Metzeschmelz do wees ech leider net genuch.
mbG
The following user(s) said Thank You: clamey

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 years 6 months ago #754 by clamey
Bounäerz a Walzwierk Metzeschmelz was created by clamey
Léif Stolfrënn,

Ech hätt do nach e puer Froen:

Wéi heescht Bohnerz; Bohnenerz; Eisenstein oder Bounäerz op Franséisch?
(Et ass net Minerai d’alluvion oder Minerai de surface dat ass Rasenerz.)

Wéini ass op der Metzeschmelz d‘330er Demag Stroos ënnert d’Kontroll vum Gruppe Beltrame komm? War dat 1993? Ech hunn do keng fiabel Quell.

Hat MITTAL STFS (Société Train à Fil de Schifflange) 1994 d’Drotstrooss iwwerholl ?

Merci villmools !

C.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login