Hifi International - China Connection, Hollerëcherstroos

More
10 years 2 weeks ago #188 by Paquita
D'Gebäi op 132, rue de Hollerich ass 1928 gebaut ginn am Optrag vun der ALGELUX (alimentation générale en gros).

D'ALGELUX huet géint 1970 mat hieren Activitéiten opgehalen.

D'Gebäi ass dun benotzt ginn vum Schong-Grossist ROMIKA bis an d'90er Joeren. Dono huet HIFI INTERNATIONAL an CHINA CONNECTION sech do installéiert.
The following user(s) said Thank You: jmo, Steve

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
11 years 1 month ago - 11 years 19 hours ago #113 by jmo

Do war d' Algelux mol dran.
Méih Informatiounen hun ech leider nët.
Et wier interessant ze wëssen wat tëschend ALGELUX an China Connection dra war.

E schéine Bonjour,

jmo
The following user(s) said Thank You: Steve

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
11 years 1 month ago - 11 years 1 month ago #111 by Steve
Gudden Owend,

Wéi eng Firmen waren alles am Gebai an der Hollerëcherstroos an der Staad, do wou zum Schluss den Hifi International - China Connection, 132 rue de Hollerich, Luxembourg dra war?



Wien hat dat gebaut?

Villmols merci fir all Hëllef!

Steve

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login