H. Dondelinger + Marie-Adelaïde - Abtei Echternach

More
10 years 9 months ago - 10 years 9 months ago #45 by jmo
Hei ass eng Informatioun déi mer vum Här Henri Trauffler kruten:

"Direkter vum Iechternacher Gymnase war vun 1911 bis 1914 den Nicolas Sevenig. Ech huelen un, dass hien rechts vun der Grande-Duchesse geht. Lenks misst et sech em de Mathias Mongenast jr handelen, Minister, fils vum fréiheren Iechternacher Professer Mathias Mongenast sr."


Source: Gymnase grand-ducal d'Echternach - programme publié à la clôture de l'année scolaire 1912-1913

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
10 years 10 months ago #43 by Tony
Hei ass ee Bild vum Mathias Mongenast, Finanzminister zu där Zait:

D'Bild stammt vu Wikimedia.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
10 years 10 months ago - 10 years 10 months ago #41 by jmo
Villmols merci fir déi Info!

Hei sin 2 Zeitungsauschnëtter déi mer vum Här Massard vun Iechternach gemailt kruten:

Luxemburger Wort 1913, Nr. 147 (27. Mai): Sait 4


Luxemburger Wort 1913, Nr. 148 (28. Mai): Sait 4


Denen Informatiounen no ass d'Foto vum 26.5.1913. Op der Foto kinnt de Bürgermeschter vun Iechternach Brimmeyer, d'Schöffen Schaaf a Wengler, de Generaldirektor Mongenast, den Dechen Hostert, a ganz hannen d'Schwesteren vu der Grande-Duchesse: Charlotte, Hilda an Antonia drop ze gesin sin.

Och un hien nach eng Kéier ee grousse Merci!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
10 years 10 months ago #40 by JGO
Ech geif soen dat aas den Staatsminister Paul Eyschen. Kuckt op Wikipedia,
do sin nach aner Fotoen vun him, mat engem decken wäisse Baart :)
lb.wikipedia.org/wiki/Paul_Eyschen
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
10 years 10 months ago - 10 years 10 months ago #38 by jmo
Hei ass eng Foto vum Henri III Dondelinger zesummen mat der Grande-Duchesse Marie-Adelaïde virun der Abtei vun Iechternach am Joër 1913

(Collection famille Aschman-Bodson)

Bei wéi enger Geleeënheet gouf dës Foto gemach?
Wien ass nach op dëser Foto drop?

Villmols merci am Viraus!

Jean-Marie Ottelé

E-Mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.100 seconds
Go to top