Zu wéi engem Betrib gehéiert dee Kamäin zu Elwen? Geléist!

More
2 days 22 hours ago - 18 hours 57 minutes ago #1010 by admin
Villmools Merci!  Dat ass effectif d' Millen "Moulins Théodore Cornély" zu Ëlwen !


Hei ass d'Erklärung firwat op där Foto op der Ëlwener Gare   "Rumelange" steet:

30.7.1988 gouf zu Ëlwen an Gare de Samsa - Kuerzfilm "Terres rouges", mat Thierry Van Werveke, gedréit. Well de Film am Minett spillt, gouf d‘Ëlwener Gare an "Rumelange" ëmbenannt. Den De Dietrich - Autorail 105 gouf extra do wéinst äusserlech an d‘Reih gesat. D‘CFL hat een Motor betriebsfäheg gemaach. Och den Intérieur gouf an d‘Reih bruecht. (Info: Christian Schmitz)

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 days 22 hours ago #1009 by clauhe
Gudde Metteg

Déi Gebäier hei op der Foto ware bekannt enner dem Numm "Moulins Theodor Cornély".
De ganzen Areal ass den 17.8.1939 wéinst Fallite versteet ginn. (LZ 26.7.1939)
Katasternumeren 179/..., 199/... 200/..., vun Deemols stëmmen nach deelweis mat deenen vun Haut iwwereneen.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
3 days 4 hours ago #1008 by Mich90
Gudden Moien,

Ass do net e Problem mat där Foto?

Steet do net Rume(lange) op der Gare, an et ass jo awer définitif net d'Rëmelenger Gare...?

E schéine WE, Misch

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
3 days 21 hours ago - 3 days 20 hours ago #1007 by admin

Zu wéi engem Betrib huet dee Kamäin gehéiert, hei am Bild lenks, hannert der Elwener Gare ? (Photo: Christian Schmitz)

Villmools merci am Viraus fir all Info!  Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.099 seconds
Go to top