Chalet "Belle Promenade" Esch/Alzette, vun bis ???

More
1 year 9 months ago - 1 year 9 months ago #663 by clauhe
Merci mol vir all des Infoen.

Hei sinn déi Informatiounen déi ech bislo zesummegedroen hunn: industrie.lu/doc/ChaletBellePromenadeEsch.pdf



Am Summer ( Enn de 60er Ufang 70er Joeren) si mär alt mol dohinner gaangen. Do war ech awer nach kleng a ka mech net méi un de Chalet selwer erënneren. Ech weess just nach dass vis a vie vum Chalet een Ënnerstand war. Hei stoungen e puer Dëscher mat Still an et wor och eng Kannerklunsch hei dran. An dunn bemol wor de Chalet zou. Do huet et geheescht de Besëtzer hätt Flemm mam Chalet kritt well ëmmer erëm hei agebrach gi wär. Wor dat esou, oder huet Gemeng Esch, nom Dout vum Georges Mart hei kee méi fond fir drann ?

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 9 months ago #661 by admin
Hei si weider Infos vum Marcel Schlim. Villmools Merci!



Esch/Alzette - Plan 1961 édité par le Bureau de Voyages de L'Agence Eug. Wengler - Imprimerie Aug. Wagner Esch



Pub du Chalet "Belle Promenade", Esch/Alzette - Dans: Guide touristique illustré de la Ville D'Esch sur Alzette 1946 Imprimerie Aug. Wagner

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 9 months ago #660 by jmo
Hei ass mol eng kleng Info


Chalet "Belle Promenade", Esch/Alzette - Bières de la Brasserie d'Esch - A proximité de l'école en forêt - Ouvert de mai à octobre - Pub 1967 (Collection: Marcel Schlim)
Der Besitzer Mart Georges hattte damals noch ein Café in der P. Kerschstrasse in Esch

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 9 months ago #659 by clauhe
Gudde Moien
Ech sichen Informatiounen iwwer de Chalet "Belle Promenade" no bei der Waldschoul, zu Esch/Uelzecht.
Am LW vum 28.4.1938 liese mär dass den Georg Mart de Chalet gebaut an duerno och bedriwwen huet. Am Joer 1974 ( LW 5.4.1974) huet Gemeng Esch Exploitation vum Chalet, den Georg Mart war den 9.10.1973 verstuewen, nei ausgeschriwwen. An engem Artikel am LW vum 14.12.1978 get de Chalet ernimmt.
Wor de Georg Mart deen eischten deen desse Chalet exploitéiert huet ? Wee war no him hei drann? Wéini ass de Chalet ofgerappt ginn ? Ginn et Fotoen vum Chalet ?
Merci vir all Infoen.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.091 seconds
Go to top