Dat woar béides.
Iwwerall do wou Minette am Dagebau (ciel ouvert) ofgebaut ginn ass fanne mär och esou "Dépôt'en ". Abraumhalden op däitsch.
Am Dagebau gi jo, net esou ewéi Ënnerdaach (Galerien) och déi Schichten (Couchen) ofgebaut wou keen oder net genuch Eisen dran ass. Dëst Material ass dann op een Tipp gefouert ginn. Dësen Tipp wor meeschtens direkt niewendrun, esou ewéi och hei um Kierchbierg. Hei um Kierchbierg huet (och) de Berens Minette ofgebaut. Hien hat jo och nach d'Kallekiewen just niewendrun.
Gudden Owend
Dat hei mist Minière Kiirchbierg sinn. Hannert dem Fotograf, deen dess Opnahm gemaach hut wär dann Minière Hierzesprong. D'Foto mist aus de Joeren 1932 -1941 sinn.