Haus zu Käerjeng, 121 avenue de Luxembourg - Geléist!

More
2 weeks 5 days ago - 2 weeks 5 days ago #914 by Patrick
Esou ass et.

Wéi der op der Foto gesi kënnt, war den 31. Mee 1959 d’Spuerkeess an deem Haus dran. Mäi Papp Roger Ehleringer hat déi Foto wärend der Kiermespressessioun geholl (kéint allerdéngs och Christi Himmelfaart, den 28. Mee 1959 gewiescht sinn). Esou wéi et ausgesäit, war d’Spuerkeess do am Eckhaus bis am Februar 1961 dran.Dono ass se an dat neit Gemengenhaus komm:(Publicité 40 Page 12. In: Luxemburger Wort, 114. Jg., n° 48 (17.02.1961), p. 12.[Digitised by the National Library of Luxembourg, persist.lu/ark:70795/2fwt6q5md/pages/12/articles/DIVL1062 ]) Am Abrëll 1969 koum se dunn erëm zréck an d’Lëtzebuerger Strooss, wou se bis elo nach ëmmer ass.(Neue Filiale der Staatssparkasse in Niederkerschen. In: Luxemburger Wort, 122. Jg., n° 114 (24.04.1969), p. 6.[Digitised by the National Library of Luxembourg, persist.lu/ark:70795/mbkjd427g/pages/6/articles/DIVL543 ]) Well dat mech interesséiert huet, hat ech och nach e puer Recherchen am eluxemburgensia gemaach a sinn op follgende Bäitrag gestouss, an deem dovunner geschwat gëtt, dass d’Péitenger Spuerkeess eng Agence zu Käerjeng am Haus P. Bloes an der Lëtzebuerger Strooss opmaache géif . (Aus dem Kreise Esch. In: Escher Tageblatt, 1942. Jg., nº 110 (13.05.1942), p. 5.[Digitised by the National Library of Luxembourg, persist.lu/ark:70795/g2g0rw/pages/5/articles/DTL82 ]) D’Haus P. Bloes kéint allerdéngs, wéi Dir jo och gemengt hutt, fréier eng Wiertschaft gewiecht sinn, wann een den Artikel vun engem Abroch bei der Wiertsfra Bloes esou liest:Lokalneuigkeiten.. In: Escher Tageblatt, 1919. Jg., nº 125 (06.05.1919), p. 1.[Digitised by the National Library of Luxembourg, persist.lu/ark:70795/j0d2br/pages/1/articles/DTL27 ]  Sollt den Artikel vun 1942 vum selwechten Haus schwätzen, wéi dee vun 1919, da kéint d’Spuerkeess wierklech an engem fréiere Café gewiescht sinn.
The following user(s) said Thank You: admin, Minettsdapp

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 weeks 6 days ago #913 by hedom
Dat passt zwar guer n¨ett bei dat Haus, mee ech denken um Panneau kéint eventuell "CAISSE D'EPARGNE" stoen.
The following user(s) said Thank You: Patrick

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 month 2 weeks ago #908 by jmo

Mir sichen weider Informatiounen iwwert dat fréiert Haus zu Käerjeng op 121 avenue de Luxembourg, Bascharage  (um rietsen Eck fir an d'rue de la Résistance) . Wat war Alles an dem Gebai? Café? OGBL, ..



Wat steet um Panneau?



Zu dëser Zäit gouf et d'rue de la Résistance nach net ...

Haut steet eng Résidence op där Plaz... Hei eng Vue op Google maps .

All wei der Info / Foto w.e.g. un Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! oder tél: +(352) 621 648 343

Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.095 seconds
Go to top