Kuelekëscht vun Metz - Eich

More
9 years 8 months ago - 9 years 8 months ago #97 by Feierstepler
Replied by Feierstepler on topic Kuelen Këscht vun Metz - Eich







Moien,


hei dann nach eng Foto vun der Säit an vun ënnen erop.

Ech hunn de Këscht op engem Floumaart kaaft an den Verkeefer konnt mir net soen wou de Këscht hier kéim, dofir hat jo hei um Forum dee Froen gestallt.

Këscht ass wierklech schéin an och flott detailléiert.

Mossen sinn folgend:

Längt ass 60cm
Breet ass 40cm
Hannen ass Këscht 24cm heesch bis zum Deckel
Vir ass Këscht 20cm heesch bis zum Deckel

den Deckel selwer ass jo liicht oval an huet hannen 30cm mat enger Längt vun 32 cm

Gewiicht ass 19 kg.

Leider huet Këscht hannen lenks keen Fouss méi an huet dofir och en grousst Lach.

Och bei dem Deckel ass Garnéier lenks schonn reparéiert ( genitt ) ginn, des schéint awer och schonn virun laanger Zäit geschitt ze sinn.

Ech jiddefalls frou ze kaaft ze hunn an freeën mech elo nach drop fir weider Informatiounen doriwwer ze fannen.

En schéinen Dag nach.


Jos Pletsch
Attachments:
Last edit: 9 years 8 months ago by admin.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
9 years 8 months ago - 9 years 8 months ago #94 by jmo
Replied by jmo on topic Kuelen Këscht vun Metz - Eich
Villmols merci fir déi flott Fotoën!

Wier ët méiglech nach méih Informatiounen iwert déi "Kuelekëscht" ze kréien?
Wéi gesait déi Këscht vun der Sait aus? Wéi sin hir Dimensiounen?

Villmols merci am viraus!

jmo
Last edit: 9 years 8 months ago by jmo.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
9 years 8 months ago - 9 years 8 months ago #92 by Feierstepler
Kuelekëscht vun Metz - Eich was created by Feierstepler
Moien,


ech sichen Informatiounen iwwert den Alter an och den genauen Zweck vun deser Këscht.






Kuelen - Këscht vun Metz - Eich


Ech denken dass et geduecht war fir entweder Kuelen oder Holz bei den Uewen ze setzen, oder och als Eschenkëscht.




Villäicht huet schonn iergendeen esou eng Këscht gesinn.

Och den Alter wär mir schonn wichteg, ech weess dass deemools och Kachmaschinnen an Heizkierper an der Metzeschmelz produzéiert goufen, villäicht war dëst just en Deel vun enger Kachmaschinne.

Villmools Merci am Viraus fir är Hëllef.


Jos Pletsch
Attachments:
Last edit: 9 years 8 months ago by admin.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.102 seconds
Go to top