Wéi ee Minettsquai ass dëst? Geléist: Adlergrund

More
9 years 5 months ago - 8 years 11 months ago #101 by admin
Hei ass d'Léisung vum Patrick Reinert:

Et ass de leschten Quai lenks op der Streck Hussigny - Audun virum Tunnel , vun Hussigny op den Tunnel gekuckt, vis-à-vis vun der Gare Adlergrund (Redange/Moselle).

Villmols merci fir dës Info!
Last edit: 8 years 11 months ago by admin.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
9 years 6 months ago - 9 years 5 months ago #99 by jmo
Mir sichen wou a wéini dës Foto vun dem Minettsquai gemach gouf:


Virum Quai steht den SNCF Wagon mat der Nummer Tw 7752898

Poteauën trennen d'Quai-Gleis an d'Haaptgleis. Am Haaptgleis lait eng Weich.


D'Bascule vum Quai ass mat Betonszille gebaut, huet ee klenge Virbau, an ee flachen Dach.

Um Quai steet eng Willy's Jeep, mat der Plaquen-Nummer 3189, déi mat engem Seel 2 Buggien zit. Déi Jeep huet nom "Relevé des automobiles et des avions 1960" dun dem "Henri Bruch, Peinture/Décors, Esch/Alzette" gehéiert. An de Buggien schingt kee Minett, mais Sperrmüll ze leien. D'Foto gouf jo mol nom 2. Weltkrich gemach.


Villmols merci am Viraus fir all Äntwert!

Jean-Marie Ottelé

Tél: 621 247 909
E-Mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Last edit: 9 years 5 months ago by admin.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.075 seconds
Go to top