Wat gëtt hei "um Plateau" stockéiert - 18xx? Geléist!

More
5 years 7 months ago #510 by admin
Hei ass d'Äntwert vun der Mme Simone Feis:

Dat wat do stockéiert gëtt ass Brennholz. Et war déi eenzeg Plaz extra-muros wou dat konnt gemaach ginn. Op verschiddene Gravuren aus där Zäit kann een dat Holz och op där Plaz erkennen.

Wat den Datum vun der Foto ubelaangt, ging ech soen, datt se aus den 1860er Joren ass.

Villmools merci!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
5 years 7 months ago - 5 years 7 months ago #508 by jmo
Wat gëtt hei "um Plateau" stockéiert?

Huet dat eppes mat:
  • der Festung
  • der Eisebunn, z.B. Schwellen fir op d'Viaducen direkt hannen drun
  • der Seeffabrik Berchem , lënks vis-à-vis
  • engem Holzstock fir ..

ze dinn?


Vu wéini kinnt dës Foto sinn?
Um Bock sti jiddefalls d'Festungsanlagen nach:



Villmools Merci am Viraus fir all Info! info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login