Wéi eng Minière ass dëst zu Rëmeleng? Geléist!

More
2 years 6 months ago #771 by Minettsdapp
Replied by Minettsdapp on topic Wéi eng Minière ass dëst zu Rëmeleng? Geléist!
Villmools Merci fir déi Info!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 years 6 months ago #770 by clauhe
Dat woar béides.
Iwwerall do wou Minette am Dagebau (ciel ouvert) ofgebaut ginn ass fanne mär och esou "Dépôt'en ". Abraumhalden op däitsch.
Am Dagebau gi jo, net esou ewéi Ënnerdaach (Galerien) och déi Schichten (Couchen) ofgebaut wou keen oder net genuch Eisen dran ass. Dëst Material ass dann op een Tipp gefouert ginn. Dësen Tipp wor meeschtens direkt niewendrun, esou ewéi och hei um Kierchbierg. Hei um Kierchbierg huet (och) de Berens Minette ofgebaut. Hien hat jo och nach d'Kallekiewen just niewendrun.
The following user(s) said Thank You: Minettsdapp

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 years 6 months ago #767 by Minettsdapp
Replied by Minettsdapp on topic Wéi eng Minière ass dëst zu Rëmeleng? Geléist!
Villmools Merci fir déi Info!

Woar dat do dann den Dépôt vu Gestengs oder ee Ciel ouvert?

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 years 6 months ago #761 by clauhe
Gudden Owend
Dat hei mist Minière Kiirchbierg sinn. Hannert dem Fotograf, deen dess Opnahm gemaach hut wär dann Minière Hierzesprong. D'Foto mist aus de Joeren 1932 -1941 sinn.
The following user(s) said Thank You: Minettsdapp

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 years 6 months ago - 2 years 6 months ago #760 by Minettsdapp
Wéi eng Minière ass dëst zu Rëmeleng?





Villmools Merci fir all Informatioun!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login