Portails d'ARBED-Belval

More
1 year 9 months ago #864 by UP3985
Replied by UP3985 on topic Portails d'ARBED-Belval
Portal IV:
g-o.lu/3/IZoK
Dat wäert 1970/71 mat der neier Agglo komm sinn.
The following user(s) said Thank You: Robert, Minettsdapp

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 9 months ago - 1 year 9 months ago #863 by Robert
Replied by Robert on topic Portails d'ARBED-Belval
Sou wäit ech wees gouf et folgend Portaler bei ARBED Esch-Belval

Portal I, rue Bessemer

Portal II,  Raemerich, route de Belvaux / rue de Differdange

Portal III, rue/route de Belval, Foussgänger-Passerelle (beim Chalet Sonnebleck - Gare Belval-Usines)

Portal IV, Agglomération, Brill (dëst Portal koum wahrscheinlech als läscht, well et geographesch net an d'Numérotatioun passt)
The following user(s) said Thank You: Minettsdapp

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 9 months ago #862 by UP3985
Replied by UP3985 on topic Portails d'ARBED-Belval
Moien,

Portal 1:
g-o.lu/3/h3rv

Portal 2 (Busgare + Camion)
g-o.lu/3/mgNU

Portal Belval-Usines Foussgängerbréck (si mer nit sécher, ob et eng Nummer hat)
g-o.lu/3/H0JU
The following user(s) said Thank You: Robert, Minettsdapp

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 9 months ago - 1 year 9 months ago #861 by Minettsdapp
Portails d'ARBED-Belval was created by Minettsdapp
Gudde Mëtten,

Wéivill Portalen hat fréier d'Schmelz ARBED-Belval, a wéi waren se numeréiert?

Wou waren se genee?

Villmools Merci am viraus!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login