"Vive de Prënz Jean" wou ass dëst?

More
2 weeks 5 days ago #1099 by UP3985
Replied by UP3985 on topic "Vive de Prënz Jean" wou ass dëst?
Eventuell den 10. September 1944?
MbG
The following user(s) said Thank You: jmo, Robert

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
3 weeks 15 hours ago - 3 weeks 15 hours ago #1098 by jmo
Replied by jmo on topic "Vive de Prënz Jean" wou ass dëst?
Gudde Moien,

Dat ass um Boulevard Royal virun der BGL, vun der Avenue Monterey gesinn:  Google maps

 Et wier natirlëch och interessant fir den Datum erauszefannen.

Alles Gutts,  jm
The following user(s) said Thank You: Robert

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
3 weeks 1 day ago #1095 by Robert
"Vive de Prënz Jean" wou ass dëst? was created by Robert
Gudden Owend,

Ech hu folgend flott Foto hei fonnt:

Vive de Prënz Jean - 1944/1945 

Ass et méiglech erauszefannen wou dës Foto genee gemaach gouf?

Warscheinlech an der Stad, oder?

Do schingt mol ee Bus oder Tramsarrêt ze sinn (do ass ee ronnt Schëld mat engem "A" op engem Poto) oder wat heescht dat? 

Zu wéi enger Geleeenheet kann déi Foto gemaach gi sinn?

Ginn et ähnlech Fotoen?

Villmools merci am Viraus fir all Hëllef!

E schéinen Owend,

Rob
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login