Wéi eng Fabrik ass op dëser Foto?

Mehr
1 Jahr 7 Monate her #683 von admin
Hei ass eng Fro déi virun 9 Joër gepost gouf, iwwer 67.000 x ugeklickt gouf an nach ëmmer keng Léisung fonnt huet.

Vläicht klappt et dës Kéier.

Villmools Merci am Viraus!

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
2 Jahre 10 Monate her #582 von Minettsdapp
Minettsdapp antwortete auf Wéi eng Fabrik ass op dëser Foto?
Ech fannen dat d'Stengeforter Zillefabrik,1920 gebaut, esou ee Genre Gebai ass:

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 9 Monate her - 3 Jahre 9 Monate her #507 von jmo
Ech hunn och schonns u Chaux de Contern geduecht, mais ech hu leider keng al Fotoen vu Chaux de Contern fir ze vergläichen. Wat mech e beschen stéiert ass dat ee keng Schminien, kee Kalleksuewen an d'Eisebunnsstreck virdrun net gesäit, mais et ka sinn dat déi Foto aus engem speziellen Bléckwénkel gemaach gouf.

All aal Foto vu Chaux de Contern ass jiddefalls wëllkomm!

Mir sichen well jorelaang fir dat do erauszefannen... Mol kucken.

Fir et fräi nom Här Biewer ze soen: Dëst war net néierens!
Letzte Änderung: 3 Jahre 9 Monate her von jmo.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 9 Monate her - 3 Jahre 9 Monate her #506 von admin
Am Forum si dir op der Sich wou dess op der Foto ofgebillten Fabrik war. Ech hun meng Iwwerleeungen heizou als pdf baigesat. Et ka sech heibäi em déi fréier Chaux de Contern handelen.

mbG,

Claude Hermes
Letzte Änderung: 3 Jahre 9 Monate her von admin.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 9 Monate her #504 von Robert
Robert antwortete auf Wéi eng Fabrik ass op dëser Foto?
Dest ass keng Foto vum Paul Aschman (* 1921), mais eng aus der Collection Camille Aschman Jr. (* 1890) - also ass se méih aal!

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 11 Monate her #467 von celobrio
celobrio antwortete auf Wéi eng Fabrik ass op dëser Foto?
Den Fotograf Paul Aschmann gouf 1921 gebuer.Chaux de Contern huet 1928 3 Brenniewen gehaat.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 11 Monate her #466 von Fränk
Fränk antwortete auf Wéi eng Fabrik ass op dëser Foto?
Ech mengen nët dat ët déi aal Ëttenger Schmelz ass. D'Foto vun där Schmelz ass jo uraal.

Déi heie Fabrik schingt bal ganz am Stolfachwierk mat Zillen, resp. am Beton armé, gebaut ze sinn, ech tippen op ee Bau tëschend 1910-1930...

Ech giff och mengen dat hei Kallek, Gips oder Zement verschafft gouf, ewéi ass ët mat Chaux de Contern?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
3 Jahre 11 Monate her - 3 Jahre 1 Monat her #465 von celobrio
celobrio antwortete auf Wéi eng Fabrik ass op dëser Foto?
Perseinlech erennert se mech immens vill un dem Grafen d`Hunolstein seng Schmelz zu Etteng. Och war ee puer Detailler ofweichen
Letzte Änderung: 3 Jahre 1 Monat her von admin.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
4 Jahre 2 Wochen her - 4 Jahre 2 Wochen her #429 von admin
Hei ass eng oppe Fro aus dem industrie.lu-Forum déi eis well laang beschäftegt: Wéi eng Fabrik kënnt dëst sinn?

Et ass eng Foto aus der Collectioun Aschman Camille; Copyright: Photothèque de la Ville de Luxembourg, soudatt se ee Lien mat Lëtzebuerg kinnt hunn.

Villmools Merci am Viraus fir all Tuyau!

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Letzte Änderung: 4 Jahre 2 Wochen her von admin.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
10 Jahre 6 Monate her #50 von Robert
Robert antwortete auf Wéi eng Fabrik ass op dëser Foto?
dat Gebai riets gesait ewei dat vun enger Seelebunn + Silo aus

si vir (Masuts-) Tanken oder Autoclaves vun enger Zillefabrik?

menger Meenung no kinnt et eng Fabrik sin, dei Kallek, Gips oder Zement verschafft

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
11 Jahre 1 Woche her - 4 Jahre 2 Wochen her #21 von jmo
Wéi eng Fabrik ass op dëser Foto? wurde erstellt von jmo
Wéi eng Fabrik ass op dëser Foto? zu Lëtzebuerg oder soss anzwuersch?

Welche Fabrik ist auf diesen Bildern? in Luxemburg oder anderswo?

Quelle usine est sur ces photos? à Luxembourg ou à l'étranger?

Which works are on these pictures? in Luxembourg or elsewhere?





(Photo: Aschman Camille; Copyright: Photothèque de la Ville de Luxembourg)

Villmols merci am Viraus fir all Hëllef!

jmo
Letzte Änderung: 4 Jahre 2 Wochen her von admin.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.127 Sekunden
Zum Seitenanfang