Moien
Dat woren/sinn dach mol schéi Schwemmen.
Déi an der Fiels (Larochette) Op "Birkelt" do war d'Aweihungsfeier den 12. Juli 1975 (LW 14.7.1975) Hei um industrie lu gesi mer dess an enger oranger Farw, dat muss em 1995 gewiescht sinn. Eng Foto am Tageblatt vum 3.12.2023 weist eis dess Schwemm an enger blo-grenger Farw.
Op den Orthophotoen (Loftopnahmen) gesi mer se 2001 orange-giel, 2004 orange-rout méi spéit rout blazeg ("rosa") 2016 bis 2023 blo-greng.
Da gouw et nach eng zu Berdorf an der rue "Beim Maartbesch".
D'Aweihung war hei den 27.9.1975 (LW 29.9.1975). Si war awer schon am August 1975 op (LW 4.8.1975). Op enger Orthophoto (Loftopnahm) aus dem Joer 2001 gesi mer se nach, 2004 war se schon ofgerappt. Hier Farw muss wäis gewiecht sinn.
Mä vilächt goufen et der nach hei am Land.
mbG
Claude