Piscines Tournesol au Luxembourg

More
15 hours 45 minutes ago #978 by Pascale
Replied by Pascale on topic Piscines Tournesol au Luxembourg
Villmools Merci fir all déi Infos! 

Et goufen effectif 3 "Tournesol"-Schwemmen zu Lëtzebuerg, Déi Berdrefer hunn ech nach net kannt.

E schéinen Owend, Pascale

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
1 day 16 hours ago #976 by Steve
Replied by Steve on topic Piscines Tournesol au Luxembourg
D'Mierscher Sonneblum-Schwemm gouw erreischt 1980 (29.6.1980), no ganz langen Diskussiounen, nierwend dem Camping um Krounebierg ageweit
The following user(s) said Thank You: jmo, clauhe

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
1 day 16 hours ago #975 by clauhe
Replied by clauhe on topic Piscines Tournesol au Luxembourg
Moien
Dat woren/sinn dach mol schéi Schwemmen.
Déi an der Fiels (Larochette) Op "Birkelt" do war d'Aweihungsfeier den 12. Juli 1975 (LW 14.7.1975) Hei um industrie lu gesi mer dess an enger oranger Farw, dat muss em 1995 gewiescht sinn. Eng Foto am Tageblatt vum 3.12.2023 weist eis dess Schwemm an enger blo-grenger Farw.
Op den Orthophotoen (Loftopnahmen) gesi mer se 2001 orange-giel, 2004 orange-rout méi spéit rout blazeg ("rosa") 2016 bis 2023 blo-greng.
Da gouw et nach eng zu Berdorf an der rue "Beim Maartbesch".
D'Aweihung war hei den 27.9.1975 (LW 29.9.1975). Si war awer schon am August 1975 op (LW 4.8.1975). Op enger Orthophoto (Loftopnahm) aus dem Joer 2001 gesi mer se nach, 2004 war se schon ofgerappt. Hier Farw muss wäis gewiecht sinn.
Mä vilächt goufen et der nach hei am Land.
mbG
Claude
The following user(s) said Thank You: Steve, jmo, Pascale

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
1 day 18 hours ago #974 by RR
Replied by RR on topic Piscines Tournesol au Luxembourg
Also déi Fielser Tournesol-Piscine steet nach ëmmer do: birkelt.huopenair.com/
The following user(s) said Thank You: jmo, Pascale

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
1 day 23 hours ago - 1 day 23 hours ago #973 by Pascale
Piscines Tournesol au Luxembourg was created by Pascale
Gudde Moien Alleguer,

Ech hunn elo grad folgend flott Photoen vun Tournesol - Schwemmen zu Lëtzebuerg hei gesinn:

an der Fiels


zu Miersch

Gouf et nach anner Tournesol - Schwemmen hei zu Lëtzebuerg? wa jo, wou a wéi eng Farw haten se?

Ech war mol selwer an der Schwemm zu Miersch, dat war schon  speziell, wann se am Summer op war. Et huet awer och ëmmer e beschen ze zunn...

Vu wéini bis wéini waren déi Schwemmen a Betrieb?

Villmools Merci fir all Beitrag.

E schéinen Dag, Pascale

 
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.089 seconds
Go to top