Vum Look hier missten et 1920er Joere sinn, vlächt nach esou just Ufank 1930er, dat giff och bei d'Zaapanlag passen ... also schätzen ech d'Fotoen op 1926-1931
Et kennt sech hei de leschte Proposen och ëm de
PARIS-PALACE zu Esch
(~1929 - 1935) an der Uelzechtstrooss N° 121 handelen. Allerdings steet da "Battin" um Kalenner net fir d'Brauerei Battin vun Esch (well déi gouf erréischt 1937 gegrënnt). Et gouf och nach ee
Paris-Palace an der Stad op der Paräiserplaz
), mais well de
Fotograf Fey frères vun Esch
ass, huele mer un dat d'Fotoen zu Esch gemaach goufen:
D'Fotoen missten tëscht 1937 an 1948 sinn, well op enger Foto gesäit een ee
Battin
- Kalenner (
Battin
gëtt et eréischt zënter 1937, ech weess och net ob se déi éischt Joren Kalenneren drécke gelooss hunn), et goufen déi éischt 10 Joer wahrscheinlech och net esouvill
Battin
-Caféen; an d'
Fey Frères, photographes, Esch/Alzette
woaren 1949 zu Mondorf. Wéini se tëscht 1944 an 1948 vun Esch op Mondorf geplënnert sinn, hunn ech nach net erausfonnt.