Um Chantier vun dësem Haus op 99 route de Diekirch, Helmsange / Walferdange:
hate mir virun e puer Joren folgend Foto um Buedem fotograféiert:
D‘Foto mat der Bomi war warscheinlech beim Plënneren um Späicher vergiess ginn, a beim Ëmbau einfach an de Bulli geflunn...
Dës Foto ass warscheinlech iwwert 100 Joer al, a mir wëssen net ob et nach eng Kopie heivu gëtt. Mir ginn dovun aus, dat et ëmmer interessant ass ze wëssen wéi seng eege Virfahren ausgesinn hunn - a wien an der Famill haut wiem vu senge Virfahre gläicht. Duerfir versiche mir erauszefannen wien dës Fra op der Foto ass, a souguer d’Nokomme vun dëser Fra erëmzefannen.
Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!
Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.