Amboss/Undels/Ampes zu Letzebuerg

More
2 years 2 months ago #824 by BenTo
Replied by BenTo on topic Amboss/Undels/Ampes zu Letzebuerg
De Lëtzebuerger Amboss, resp. di Lëtzebuerger Form den Ieselsréck erkennt een u sengem Bockel uewen um Dar. De war geduecht fir Plouschueren aus ze zéie resp; ze schmieden/schmidden.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 years 2 months ago #823 by BenTo
Replied by BenTo on topic Amboss/Undels/Ampes zu Letzebuerg
Ech hu versicht am Belsche Grenzgebitt weider ze siche sinn awer nach net weider komm. Villmools Merci awer fir déi Informatioun.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 years 2 months ago #822 by BenTo
Replied by BenTo on topic Amboss/Undels/Ampes zu Letzebuerg
Et kéint sinn dass dat ee Lëtzebuerger Amboss ass; Een Ieselsréck schéngt et net oder net méi ze si well e kee Bockel méi beim Dar huet.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 years 2 months ago #819 by Steve
Replied by Steve on topic Amboss/Undels/Ampes zu Letzebuerg
Laut der Sproochesäit um industrie.lu gëtt / gouf een Amboss zu Arel Unsel genannt.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 years 2 months ago - 2 years 2 months ago #818 by jmo
Replied by jmo on topic Amboss/Undels/Ampes zu Letzebuerg
Hei ass een Amboss aus der industrie.lu-Collectioun deen aus der Schmëtt Schmit, Bissen stammt:



Amboss - Ofmiessungen: Längt: 95,5 cm, Breet: 14/19 cm, Héicht: 32 cm

Leider hu mir keng weider Informatioun.
  • Ass dëst ee "lëtzebuerger Amboss"?

  • Wou kann dësen Amboss gemaach gi sinn?

Villmools Merci am Viraus fir all Info - info@industrie.lu - tél: 621 247 909
The following user(s) said Thank You: BenTo

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 years 2 months ago #816 by Minettsdapp
Replied by Minettsdapp on topic Amboss/Undels/Ampes zu Letzebuerg
Gudden Owend,

Wéi erkennt een dann ee lëtzebuerger Amboss?

Wat ass dorun anneschders?

Villmools merci fir all Äntwert
The following user(s) said Thank You: BenTo

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 years 2 months ago - 2 years 2 months ago #815 by BenTo
Amboss/Undels/Ampes zu Letzebuerg was created by BenTo
Ech si säit enger Zäit mat enger Recherche iwwert den Amboss zu Lëtzebuerg am gaangen.


Dat heescht vum Sproochgebrauch Amboss, Undels, Ampes, ... souwéi Informatiounen wou an wéi Ambossen zu Lëtzebuerg hiergestallt gi sinn (Eecher Schmelz/Dummeldeng), mee och den Ursprong vun der Lëtzebuerger (Amboss) Form, dem Ieselsréck interesséiert mech, de jo fir Plouschueren aus ze schmidden geduecht war/ass.

Ech si fir all Informatiounen dankbar.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu

Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

News

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL) iwwerwise gëtt, mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus !  
Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wéi sichen & fannen um industrie.lu?

Den industrie.lu gët all Dag méi grouss. Duerfir ginn et verschidde Méiglechkeeten eppes um industrie.lu ze sichen an och  ze fannen:

 

D’industrie.lu-Sich-Funktioun:


 Gitt een oder méih Wieder an fir ze sichen, zB: Mersch Gierwerei
'*' an '?' kënnen als Jokerën benotzt gin, z.B. Luxem* fir glaichzaitëg Luxemburg an Luxembourg ze sichen, oder Du?ont, fir glaichzaitëg Dumont an Dupont ze sichen.



Lescht Ännerungen - Last Updates - Dernières modifications - Letzte Änderungen

Déi regelméisseg Visiteuren fannen déi lescht Ännerungen um industrie.lu chronologesch sortéiert an der Rubrik Updates. Esou kann ee matverfollegen ewéi den industrie.lu sech weider entwéckelt an op wéi enge Säiten eppes geännert huet.

Do gesäit een och déi aktuell Unzuel Säiten

Et gëtt also ee Grond fir all Dag um industrie.lu laanscht ze surfen...

 

Sich op Säit - Find in page – Recherche sur page – Suche auf Seite

Verschidde Säiten um industrie sin zimlech laang an duerfir ass net ëmmer einfach e bestëmmt Wuert erëmzefannen. D'Sich vun engem bestëmmte Wuert op enger laanger Säit hänkt awer vun der Maschinn of, wou een drop schafft:

    • Windows : d'Ctrl-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
    • Mac : d'Command-Taste + F-Taste gläichzäiteg drécken,
    • Android: uewen riets op déi 3 Punkten tippen, an duerno "Find in page" benotzen.

                   

    • iOS (Iphone/Ipad): op de Share-Käppchen (Këscht mat Feil no uewen) drécken, 

                   
                  an dann "Find on page" selektionéieren: 
                  

 

 

Da geet jeweils eng kleng Fënster op (ënnen oder uewen, jee no Browser) wou een dann ee Wuert kann antippen, an duerno et sichen:

 
Wann dat Wuert e puer mol op där Säit vir kënnt, kann ee mat de Feiler (riets) vu Wuert zu Wuert sprangen.

 

 

Regruppement no dem Industrietyp:

Déi verschiddenen Themesaiten:

 

 

Et kann ee och e puer vun dëse Funktiounen combinéieren. Wann een dann nach ëmmer eppes net sollt fannen, gët et nach ëmmer d’industrie.lu-Helpline: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein. 

Ennerstëtzt industrie.lu

Um Internet-Site "www.industrie.lu" ginn op iwwert 13.700 Säiten d’Geschicht vun Industrien, Fabriken, Produkter, etc. vu Lëtzebuerg, an doriwwer eraus, virgestallt. D’Alldagskultur vu Lëtzebuerg gëtt heimat dokumentéiert. Leider ginn et vu villen Industrien keng Archiven méi, an all Informatioun muss ewéi an engem Puzzle stëckweis zesummegesicht ginn. All Informatioun ass an dësem Puzzle wichteg!

Bei dësem Projet, kënn Dir eis weiderhëllefen mat aalen Dokumenter, Bréiwer, Prospekter, Rechnungen, Aktien, Produkter an hir Verpackung, Reklammen, Fotoen, Bicher, a soss Informatiounen vun lëtzebuerger Industrien a Fabriken. Jidder zousätzlech Informatioun a jiddwer Foto ass wëllkomm. D’Original kritt Dir natierlech zréck!

Mir hunn zënter iwwert 20 Joer ganz vill Zäit a Suen an dësen Projet investéiert.

Wann eise Projet Iech gefällt, kënn Dir den industrie.lu - Projet awer och mat liken / followen vun eise Säiten op Facebook / Instagram, mat engem Don, mat Sponsoring, etc ënnerstëtzen.
 

 

Mir soen am Viraus villmools Merci fir all Ënnerstëtzung!

 

industrie.lu a.s.b.l.

c/o Jean-Marie Ottelé
8 rue Roger Frisch
L-4956 Hautcharage

Email: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Phone: +(352) 621 648 343


IBAN: LU45 1111 2423 6963 0000 BIC: CCPLLULL

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login